Kéisecker Info Mai (1) 2025

Download(s)

Dësen info weist besonnesch gutt d’Villfalt vun den Aktivitéite vum Mouvement Ecologique.

Esou gëtt déi nei Campagne „En Ouer fir d’Natur“ virgestallt mat Kuerzvideoen vun 1,5 Minutt. Ophänker sinn d’Geräischer déi di verschidden Déiere maachen. Loosst Iech begeeschtere vun 2 Videoen zur Léierchen an dem Kéiseker, wat si ausmëscht a wéi een hinnen hëllefe kann. A maacht mat beim Quiz, gewannt en Akafsbong bei Naturata.

Allgemeng steet den info ënnert dem Thema vun der Landwirtschaftspolitik. Europäesch Analyse weisen, dorënner och Lëtzebuerg, datt och de Wäin duerch d’“Ewigkeetschemikalie“ TFA belaascht ass. Dobäi steet de Wäin stellvertriedend fir aner Liewensmëttel. Onkloer ass, ob de Landwirtschaftsministère eraus an och aus der Pestizidbelaaschtung vu Liewesmëttel déi néideg Konsequenzen zitt . Am info fannt Dir e Kommentar zur Reaktioun vu Ministèresvertrieder op di rezent Datë grad wéi och e Bericht iwwert eng Entrevue mam Landwirtschaftsministère, wou grouss Differenzen an der Siichtweis tëscht Ministère a Mouvement Ecologique duergeluecht ginn.

D’Strategie vum Emweltministère zur Klimaupassung stéisst op konstruktiv Kritik: De Mouvement Ecologique fuerdert méi Transparenz, kloer Ziler an e konkrete Plang.

Zousätzlech stinn eng Rei Aktivitéiten a Konferenze virun der Dier: vun der Konferenz géint d’Wegwerfarchitektur iwwer Wanderunge bis hin zu den Energiewochen. An et gëtt och en neie Bedreiwer fir de Restaurant Oekosoph gesicht – mat Fokus op Bio a Regionalitéit.