• Print Friendly


move. Excursioun: Wéi geet et eise Bëscher?

 

Du wollts schonn ëmmer wësse wéi et eise Bëscher geet? Wéi eng iwwerliewenswichteg Funktiounen eis Bëscher iwwerhuelen? Firwat et wichteg ass eis Bëscher ze schützen? Doriwwer eraus interesséiert dech – wats du kanns maachen oder wéi eng Entscheedungen d’Politik misst huele fir eis Bëscher ze schützen?

Da komm zesumme mat anere Jonken um nationalen Dag vum Bam op en Ausfluch! Zesumme mam Biolog Roger Schauls gi mer all dëse Froen no a ginn och gewuer wat de Klimawandel eigentlech fir Auswierkungen op de Bësch huet a wéi eis Bëscher kënne méi resistent ginn.

Wichteg Informatiounen

Op Grond vun de begrenzte Plaze fir dësen Ausflug ass et wichteg sech per Email (move@meco.lu) unzemellen.

Start ass Samschdes de 14.11.20 an der Stad um 14:00 Auer beim Centre Sportif Bambësch.

Dir kënnt entweder de Bus 275 huele vum Glacis bis op den Arrêt „Bambësch, Centre Sportif“ oder et gëtt do och ee Parking fir déi Léit, déi mam Auto kommen.

 

„Um Comptoir“ zum Thema Biodiversitéit hei nolauschteren:

move. hat schonn d’Freed de Roger Schauls als Gaascht bei „Um Comptoir“, dem Podcast vu move., ze hunn, wou hie vill interessant Froen zum Thema Biodiversitéit beäntwert huet. Lauschter eran a looss dech begeeschtere vun dësem spannenden Thema.

Hei kanns du dëst Gespréich kucken: