• Print Friendly


Liesung aus dem Spiegel-Bestseller : „Weltuntergang fällt aus ?“ mat dem daïtschen Auteur a Blogger Jan Hegenberg

De 9. November organiséiere move., de Mouvement Ecologique

an Zesummenaarbecht mat den Rotonden en Event mam

däitsche Blogger an Auteur Jan Hegenberg, wou hien

ënnert anerem aus sengem Spiegel-Bestseller

„Weltuntergang fällt aus“ virliest.

 

  • Wéini? Donneschdes, den 9. November ab 18.30 Auer

  • Wou? An de Rotonden zu Bouneweg (Salle Plateforme)

  • Gratis Entrée

  • Fir Gedrénks a (vegan) Snacks no der Veranstaltung ass gesuergt.
  • D’Liesung ass op Däitsch a gëtt bei Bedarf simultan op Englesch iwwersat.

 

Duerf ech nach mat menge Kolleegen an d’Vakanz fléien? Mam Auto an de Supermarché em den Eck fueren? A virun allem: muss elo all Mënsch Veganer:in ginn? Fir all déi Leit, déi sech wéinst der Klima- a Biodiversitéitskris Suergen ëm hir Zukunft maachen, sinn des Froe warscheinlech alldeeglech. Fir Klimaskeptiker:innen sinn se éischter nach eng Motivatioun dofir, hirem Frust an de soziale Medie Loft ze maachen (am Léifsten anonym natierlech).

 

D’Klimakris, hir Auswierkungen an déi domat zesummenhänkend politesch Decisioune sinn an de leschte Joren ëmmer méi zu engem polariséierende Sujet ginn, d’Fronten hunn sech verhäert. Jonk Klimaaktivist:innen gesinn sech gezwongen, sech op Fluchlandebunnen festzepëchen, wärend sech an online Foren d’Haassmessagen a Menacë géintiwwer all méigleche Klimaschutzënnerstetzer:innen heefen.

 

Mee wosst du schonn, datt mir d’Klimakris léise kënnen a wäerten? Dovun ass den Auteur a Blogger Jan Hegenberg aka “der Graslutscher” jiddefalls iwwerzeegt. A sengem Buch “Weltuntergang fällt aus” erkläert den Hegenberg, wéi mir eng “wissenschaftlich fundierte, vegane Klimaschutz-Verkehrswende” erreeche kënnen.

 

Du wollts bestëmmt schonn ëmmer eemol wëssen, wéi du dech fir déi nächst Diskussioun mat Klimaskeptiker:innen wappne kanns?

 

Sief dobäi wann de Jan Hegenberg aus sengem 2022 verëffentlechte Spiegel-Bestseller virliest an diskutéier mat him iwwer Fakten a Feelinformatiounen, Chancen an Erausfuerderunge vun der Klimakris.

 


Den Auteur

Jan Hegenberg ass bekannt ginn duerch säi Blog “der Graslutscher”, deen hie gegrënnt huet fir déi am Internet kurséierend Scheinargumenter géint planzlech Ernährung ze widderleeën.

Haut bedreift de studéierte BWLer dëse Blog haaptberufflech an ass zousätzlech op Youtube an an der Podcast-Welt aktiv. Do befaasst hien sech mat enger wëssenschaftlech fundéierter Opklärung a Mediekritik zum Thema Ernährung, Energie- a Mobilitéitstransitioun.

 

 

 

Date de publication : 05.10.2023