• Print Friendly


Konferenz: „Der Ukrainekrieg und die Energiewende“, en Dënschden, den 19. Abrëll

De Mouvement Ecologique luet Iech ganz häerzlech an op d’Konferenz: „Der Ukrainekrieg und die Energiewende“, en Dënschden, den 19. Abrëll um 20h00 am Hôtel Parc Bellevue, 5, av. Marie-Thérèse, Lëtzebuerg-Stad.

Referent ass de renoméierten Dr. Felix Matthes, Fuerschungskoordinator fir Energie- a Klimapolitik am Berliner Büro des Öko-Instituts. Am Uschloss un d’Konferenz ass e Ronndëschgespréisch mat e.a. dem Energieminister Claude Turmes an dem René Winkin vun der FEDIL.

Dono hutt Dir d’Méiglechkeet Iech an d’Diskussioun matanzebréngen. Haapthema sinn e.a.: Wéi kann d’Energieversuergung mëttel- a langfristeg séchergestallt ginn? Verschäerft de Krich d’Klimakris, oder kann en e „Signal“ sinn fir déi laang iwwerfälleg Energietransitioun ze errechen? Wéi kann dat sozialgerecht gestallt ginn? Wéi eng Moosname par Rapport zu de Betrieber si néideg?

All weider Infoen an en Interview mam Referent mam SPIEGEL fannt Dir am PDF an den Downloads

 

 

06.04.22