• Print Friendly


De Mouvement Ecologique – en staarken Asaz FIR LIEWENSQUALITÉIT AN NOHALTEG ENTWÉCKLUNG – Gidd Member

60 Säite staark, ass den Aktivitéitsbericht aus dem Joer 2021 vum Mouvement Ecologique. Och 2021 ass de Mouvement senger Philosophie „Lieweg, kritesch, engagéiert“ trei bliwwen an et gouf sech konsequent fir Zukunftsvisiounen, den Klima- an Energieschutz, den Erhalt vun der Biodiversitéit, d‘Fërderung vun der doucer Mobilitéit an dem ëffentlechen Transport, den Ausbau vun der Demokratie a villes méi agesat.

 

Och 2022 wäerte mir eis mat der selwechter dynamescher Konsequenz, Kreativitéit a Sachlechkeet gemeinsam engagéieren.

 

Ma duerfir brauche mir och Iech. All Member zielt! Gitt Member an verhëlleft och esou den zukünftege Generatiounen an der Liewesqualitéit, eiser Biodiversitéit an Ëmwelt zu enger Stëmm. Gidd elo Member!

Merci!

 

06.04.22