Nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


Nei Kloterplanze beim Oekozenter am Pafendall

Mataarbechter vum Oekozenter a vum Mouvement Ecologique hu vum schéine Mäerz-Wieder profitéiert fir d’Planzevilfalt ronderëm den Oekozenter nach e bësschen ze vergréisseren.

Geplanzt goufe verschidde Kloterplanzen – souwuel „Selbsklimmer“, déi sech selwer vun der Mauer festhalen, wéi och „Ranker“, déi e Gerüst brauchen un deem se sech ofstäipen, resp. dat se ëmklamere kënnen:

  • Wëlle Wäin – Hien gehéiert zu de „Selbstklimmer“ an hält sech iwwert „Haftscheiben“ un enger Mauer oder Fassade fest a kann tëscht 12 bis 20m héisch wuessen. E blitt tëscht Juni a Juli a seng Blieder fierwen sech orange/rout am Hierscht wat ee wonnerschéine faarwegen Akzent sëtzt. De Wëlle Wäin wiisst souwuel an der Sonn, wéi och am Hallefschied.
  • Clematis – Si gehéiert zu de „Blattranker“ a brauch eng Kletterhëllef: e Gitter oder Seel-System. Et ginn iwwert 300 verschidde Clematis-Aarten, déi a ganz verschiddene Situatioune kënnen agesat ginn. Ma de Fouss vun der Planz soll ëmmer am Schied stoen.
  • Geissblatt – Si ass och e „Blattranker“ a wiisst 2-5m héisch. Si blitt vu Juni bis Oktober an hier Bléien si bekannt fir hiren extra gudde Geroch, deen se virun allem Owes verbreeden. Si wiisst immens schnell (25+ cm / Jahr) a muss e bësschen am Schach gehale ginn.
  • Kletterrous – Si ass ee „Spreizklimmer“, brauch also och eng Kletterhëllef. Si huet gäre sonneg Standuerter a gëtt 3-5 m héisch. Och hei gëtt et eng grouss Auswahl, ma et sollt een drop uechten eng Rous auszewielen, déi KENG gefëllte Bléien huet. Déi hunn nämlech keng Polleblieder a kënnen dofir keng Beie mat Pollen an Nektar versuergen.

Et ginn ëm déi 65 Kloterplanzen, déi och fir d’buedemgebonne Fassadebegréngung agesat kënne ginn.
Eng Fassadebegréngung huet vill Virdeeler, well se kann::

  • d’Uewerflächentemperatur vun der Fassad em 8 bis zu 19 °C reduzéieren;
  • 20-30 % vun de Stéckstoffdioxiden (NO2) aus der Loft filteren;
  • 26 % Primärenergie (Heizen & Killen) aspueren, am Verglach zu konventionellem Sonneschutz un enger Südfassad;
  • 49 % Primärenergie (Heizen & Killen) aspueren, am Verglach zu enger Südfassad ouni Sonneschutz.

Dir hätt och gären eng Kloterplanz bei Iech um Haus oder am Gaart? Dann informéiert Iech op www.naturelo.meco.lu/tipps/gebaudebegrunung/. Hei fannt Dir eng sëllegen Informatiounen wéi Dir bei enger Fassadebegréngung am beschte kënnt virgoen an op wat Dir oppasse musst.

 

 

05.04.22