Andauchen an d‘Welt vun den einheimeschen Orchideeën op der Hëlt bei Rouspert

Sonndes, den 18. Mee 2025 vun 9.30 – 12.00 Auer
An den deels verwëlderten an nees renaturéierten Trockenrasen vun den Dolomitfielsen vun der Hëlt bei Rouspert wäerte mer an d’Welt vun dem Gaalgemännche-Bouwekraut, der Bommelen-Aperhoerorchidee, dem Purpurroude Bouwekraut an der Bocks-Rimmerzong andauchen. Hei wou iwwert Joerhonnerte Wäin ugebaut gouf, huet sech eng faarweprächteg Flora a Fauna op den eemolegen Wéngertsterrassen ugesidelt. Bei der Visitt gi mer méi iwwert si gewuer, iwwert hier Usproch un de Liewensraum a wéi et em si steet zu Lëtzebuerg.
Eng Fréijoerswanderung zesumme mam Orchideeë-Spezialist a Biolog Jean-Marie MANGEN.
D‘ Wanderung féiert ca. 2-4 km laanscht Wéngerten a Trockenrasen vun der Hëlt bei Rouspert. Fest Schong, leider net fir Rollstull a Kannerkutsch gëeegent.
Treffpunkt: Hëlt bei Rosport. Déi genee Plaz gëtt Iech bei der Umeldung matgedeelt.
Dono besteet d‘Méiglechkeet zesummen eppes iessen ze goen. De Restaurant kritt Dir matgedeelt. Mëllt Iech och duerfir wgl. un.
Umeldung ënner: inscription@meco.lu
D’Zuel vun de Leit déi kënne matgoen ass begrenzt.