Kéisecker info Abrëll (1) 2025

Download(s)

An dësem Kèisecker Info steet de Kongress 2024 vum Mouvement Ecologique, dee ganz gutt besicht un ureegend war, am Fokus. En décke Merci fir jiddweree wou do war! Och den Austausch mam Minister Lex Delles war eng Beräicherung.

D‘Zuel vun de Leit déi um Kongress waren, ma och den Zesummenhalt deen Owend, weise wéi vill Leit hannert dem Mouvement Ecologique sengen Iddie stinn.

E kloert Signal fir d‘Regierung däerft awer d‘Resultat vun enger „spontaner“ Ëmfro bei de Leit vum Kongress sinn, wat si vun der ablécklecher Regierungspolitik a Saachen Nohaltegkeet halen.

Et ass aus der Siicht vun eise Memberen – fir et diplomatesch auszedrécken – nach ganz, ganz vill Loft no uewen…!  Dës Regierung muss onbedéngt d‘Kéier kréien an dem Klima- a Biodiversitéitsschutz en anere Stellewäert ginn. Dat de klore Message vum Kongress.

 

Bemierkenswäert sinn awer och d‘Aktivitéite vun der Jugendsektioun move., déi an dësem Info direkt 2 Säite fëllen. Dir fannt awer och eng ganz Rei Veranstaltungen, eng kuerz Virstellung vum neie Podcast vum Mouvement Ecologique, Neies vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg a vum Oekozenter Pafendall.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

07.04.25