• Print Friendly


Dem Mouvement Ecologique seng Propose fir d’Gemengewale sinn online ! Kuckt eran !

Et ass eng al Traditioun, datt de Mouvement Ecologique wa Gemengewalen ustinn, am Virfeld detailléiert Ureegunge erschafft a verëffentlecht. Dank dem Engagement vu méi wéi 100 Membere konnte fachlech fundéiert Proposen a ganz konkret Iddien erstallt ginn.

Insgesamt ginn op ongeféier 200 Säiten 12 Theme behandelt : Demokratie, Finanzen, Klima- an Energiepolitik, Natur- a Landschaft / Landwirtschaft, Bësch, Mobilitéit, Regional Wirtschaft, Waasserschutz, Ressourcen- an Ëmweltschutz, Gesondheetspolitik, Schoulen a maisons relais, Nord-Süd…

 

Dir fannt se an nach net layoutéierter Form um Site gemengewalen.lu.

 

Ganz gäre kënnt Dir se notzen, Iech inspiréieren, se weidermailen asw. Ab dem 20. Januar wäert Dir se och flott layoutéiert an als Form vun enger Broschür op dësem Site fannen. Enn Januar wäert d’Broschür an enger Printversioun virleien, déi och all Member vum Mouvement Ecologique geschéckt kritt. Bis Ufanks / Mëtt Februar wäert och eng franséisch Versioun online verfügbar sinn.

Mir hoffen, datt dës Ureegungen e Bäitrag fir nach méi nohalteg an demokratesch Gemenge sinn an Iech interesséieren.