Nationalwalen 2023: Thematesch Memberfore fir Virschléi a Fuerderunge vum Mouvement Ecologique ze erstellen
Léiwe Member,
Et ass gewosst: mir sinn an engem „Superwaljoer“. Nodeem de Mouvement Ecologique Enn 2022 a ganz ureegende Memberfore Propose fir d’Gemengewalen erstallt huet – déi elo an enger ureegender Publikatioun virleie – ginn elo d’Propose fir d’Nationalwalen erstallt.
Hei gëllt grad wéi bei de Gemengewalen: D’Erstelle vun de Walpropose notzt de Mouvement Ecologique fir seng eege Positioun a konkret Iddien an de verschiddene Beräicher vun der Nationalpolitik ze entwéckelen. Dat ëmmer mam Zil, derzou bäizedroen eis natierlech Liewensgrondlagen ze erhalen an d’Liewesqualitéit ze verbesseren. Woubäi et um nationale Plang och ëm ganz grondsätzlech Froen geet, wéi mir eis e Lëtzebuerg vu muer virstellen, och am Kontext vun der Grenzregioun a vun enger weltwäiter Gerechtegkeet.
Déi Virschléi ginn an enger Broschür verëffentlecht an u Parteien, Kandidat:innen a vill aner Acteuren a natierlech un all interesséiert Bierger:inne verdeelt.
Zil ass et, datt dës Virschléi am Kader vun de Walen thematiséiert a vun der nächster Regierung an de Koalitiounsaccord opgeholl ginn.
Beim Erstelle vun dëse Propose entwéckele mir eis och am Mouvement Ecologique weider, well dat eng Zäit ass, wou mir eis Käpp besonnesch intensiv zesummestrécken, fir och innovativ a nei Iddien opzegräifen.
Kommt laanscht, an diskutéiert mat! Dir gitt gebraucht!
5 Memberforen: Austausch – nei Iddie – Diskussioun
ëmmer vun 18.15 – 21.15 Auer am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Lëtzebuerg (mat eppes Klengem ze iessen)
Bei de Memberforen ass et wichteg, datt Leit deelhuelen, déi elo schonn an engem Thema aktiv sinn an duerch hier Erfarung bäidroen, datt konstruktiv Proposen erstallt ginn. Si sinn awer och eng ganz gutt Méiglechkeet fir Leit, déi sech fir Themen interesséieren a vläicht nach net esou auskennen, e besseren Abléck an déi eenzel Themen ze kréien. Grad deen Austausch war eng vun de besonnesch wäertvollen Erfarungen bei de Memberforen zu de Gemengewalen. Bei de Nationalwalen wäert dat sécher d‘selwecht sinn.
Dir sidd duerfir häerzlech agelueden, esouwuel wann Dir Iech scho besser auskennt an awer och, wann Dir nach net esou an engem Thema dra sidd!
Fir d’Fuerderungen / Ureegunge vum Mouvement Ecologique auszeschaffen luede mir op 6 verschidde Memberforen an. Fir déi Foren wäerten éischt Textentwërf virleien, déi mir da gemeinsam duerchhuelen, diskutéieren, veränneren, ergänzen…
Jiddwereen, dee matmëscht, kritt am Virfeld och d’Ënnerlage gemailt.
Eist Zil: e ganz klore Message an de verschiddene Beräicher hunn!
Well de Mouvement a ville Beräicher aktiv ass, gi pro Memberforum 2 thematesch Beräicher geschwat, déi eppes mat eneen ze dinn hunn resp. anenee gräifen.
Eng Umeldung fir d’Foren ass via meco@oeko.lu néideg, fir datt jiddwereen all Ënnerlagen déi et scho gëtt am Virfeld ka gemailt kréien a fir datt mir Iesse bestelle kennen (et wäert wärend de Foren och eppes Klenges ze iesse ginn).
Forum 1: Wunne – schaffe – liewe – sech fortbeweegen: Eng zukunftsorientéiert Landesplanungs-, Logements- a Mobilitéitspolitik
Mëttwoch, den 1. Februar 2023 18.15 – 21.15 am Oekozenter Pafendall
Mëttlerweil gëtt et eng nei Strategie an der Mobilitéit (PNM2035), den Tram gëtt konsequent ausgebaut, grouss Investitiounen an d’Schinn gemaach… An awer: d’Staue – besonnesch am grenziwwerschreidende Verkéier – ginn net méi kuerz, bei de Vëlospisten happert nach villes, Foussgänger a Vëlosfuerer gi nach ëmmer benodeelegt. Wat misst geschéien, fir endlech eng wierklech breedewierksam „Trendwend“ an der Mobilitéitspolitik ze kréien?
An der Landesplanung gesäit et änlech aus. Mat dem Entworf vum neie Landesplanungsprogramm ass eng nei Visioun fir d’Entwécklung vum Land ausgeschafft ginn. Ma an der Realitéit geschitt leider vill ze vill de Contraire, eng disparat Siidlungsentwécklung, e net wierklech kreativen Urbanismus, Uertschaften an Dierfer, déi nach ëmmer vum Auto geprägt sinn, wou et un attraktiven ëffentleche Plaze feelt an d‘Gréngs trotz Klimaverännerungen ënnerentwéckelt ass… An obwuel d’Logementsproblematik all Mënsch bekannt ass, geet et net genuch virun. Wat kann och hei geschéien, ouni datt et op Käschte vun der Natur geet? Wéi eng aner Wunnforme gëtt et déi zumindest deelweis hëllefe kéinten?
Forum 2: Iwwer d‘Recht op Petitiounen eraus e wierklecht demokratescht Lëtzebuerg an eng Biergergesellschaft entwéckelen / Systemesch Léisungen och an der Bildung
Donneschden, den 2. Februar 2023 18.15 – 21.15 am Oekozenter Pafendall
Petitiounsrecht vun de Leit an der Chamber, Klimabiergerrot …. Dëst sinn e.a. zwou vun den Initiativen, firwat d’Regierung seet, et hätt sech eppes gedoen am Beräich Demokratie. Ma ass dat wierklech esou? Wou sti mir? Wéi eng aner Reforme géinge sech awer opdrängen, fir de wierklech „frësche“ Wand zu Lëtzebuerg ze kréien? Dossieren gëtt et der genuch: Wéi Leit an Entscheedungsprozesser abannen? Wéi steet et mam Recht op den Zougang zu Informatioun? Wéi demokratesch sinn eis Entscheedungsgremien? Wéi ass et mat der politescher Bildung? Wéi mam Zougang vun de Nët-Letzebuergeschen Awunner:innen un demokratesche Prozesser …. sinn zentral Zukunftsfroen.
D’Thema Bildung ass essentiell fir d’Funktionéiere vun enger demokratescher Gesellschaft déi léiert Äntwerten op déi grouss ökologesch a sozial Erausfuerderungen ze entwéckelen. Di läscht Joeren gouf zaghaft vum Bildungsministère un der Demokratieschrauw an de Schoule gedréint.. (Demokratiewoch, obligatoresch Schülercomité’en… ). Mais wéi muss d’Schoul ausgesi fir datt Mënschen d’Kompetenze léieren déi fir dat gesellschaftlecht Zesummeliewen, esou wéi hire beruffleche Wee wichteg sinn? Wéi ka Bildung Mënsche beweege Léisungsweeër ze artikuléieren an entspriechend ze handelen, ze gestalten?
Forum 3: Fir en zukunftsfäege Wirtschaftsmodell an enger ekologesch-sozialer Transitioun – Viraussetzunge fir eng nohalteg Entwécklung schafen
Méinden, den 6. Februar 2023 18.15 – 21.15 am Oekozenter Pafendall
Ëmmer erëm steet de Lëtzebuerger Wirtschaftsmodell zur Diskussioun: Wéi ëmgoe mat der Wusstemsfro? Wéi eng Kritäre usetzen fir nei Betriber zu Lëtzebuerg? Wat e Profil fir den zukünftege Standuert Lëtzebuerg? … sinn ëmmer erem Froen, déi opgeworf ginn, och a grad vum Mouvement Ecologique.
Wéi kënnen innovativ Betriber am Beräich vun den Ëmwelttechnologie méi gefërdert ginn ? Wéi kann den Usproch vun enger Kreeslafwirtschaft an de verschiddene Beräicher mat Inhalt gefëllt ginn?
A wéi ass Lëtzebuerg och opgestallt fir déi „ekonomesch, sozial an ekologesch Transitioun hinzekréien? Ginn di richteg Finanzprioritéite gesat? Gëtt bei politeschen an domat och finanziellen Entscheedunge genuch gepréift, ob si Nohaltegkeetskrittäre gerecht ginn? Wéi eng Diskussioune misste gefouert, wéi eng Instrumenter ergraff ginn, datt de Gesellschaftsmodell Lëtzebuerg méi nohalteg / zukunftsfäeg a méi demokratesch fir all Awunner gëtt? … Wéi kéint eng nohalteg Steierreform ausgesinn, wat ass d’Roll vun Ëmweltsteieren? Brauche mir zu Lëtzebuerg net och e „budget vert“ wou e.a. kontraproduktiv Subventiounen transparent gemaach ginn? Wéi kann och eng sozial ekologesch Transitioun vun eisem Modell geschéien, bei där déi finanziell méi schwaach matgeholl ginn?
Forum 4: Energie- a Klimaschutz endlech virubréngen / EU-Politik zu engem Thema maachen
Dënschden, 7. Februar 2023 18.15 – 21.15 am Oekozenter Pafendall
Lëtzebuerg krut e Klimaschutzgesetz, e Nationale Klima- an Energieplang, divers Gesetzer a Subside fir d’Energieeffizienz an den Ausbau vun den erneierbaren Energien ze fërderen, eng dezent CO2-Steier esou wéi Aiden fir Technologie wéi d’Solarenergie a Wärmepompele massiv auszebauen… Mee geet dat duer? Si mir um richtege Wee fir eis Ziler 2030 ze erreeche respektiv spéitstens 2050 eng klimaneutral Wirtschaft a Gesellschaft ze hunn? Oder wat misst an deen eenzele Beräicher ganz konkret geschéien?
Ëmmer méi gëtt awer och d’Entwécklung an allen Themeberäicher vun der EU bestëmmt. Wéi kann den Challenge ugaange ginn, datt EU-Themen och zu Lëtzebuerg en anere Stellewäert kréien, datt d’Positioun vun de Lëtzebuerger Vertrieder:innen am Virfeld demokratesch beschwat gëtt? Wéi eng Jalonen misste gesat ginn? Wat misst de Stellewäert vun enger Chamber sinn, wat awer och dee vun der Zivilgesellschaft?
Forum 5: Natur- a Landschaft – Bësch – Fir eng nohalteg Landwirtschaft : Eis Liewensgrondlagen erhalen
Mëttwoch, den 8. Februar 2023 18.15 –21.15 am Oekozenter Pafendall
Wann een d’Press verfollegt huet een alt den Androck, et géing sech immens vill doen am Naturschutz: nei Strukture si gegrënnt ginn, et gëtt elo en Naturpakt mat Gemengen… Ma um Terrain ass et leider esou, datt de Biodiversitéitsverloscht dramatesch weidergeet an eng ganz Rei Aarten aus eiser Kulturlandschaft verschwonne sinn. Och den Zoustand vun de Bëscher huet sech, verschäerft duerch d‘Klimaverännerung, leider weider verschlechtert.
Bei der Landwirtschaft ass et änlech: Biolandbau ausbauen, „Greening“ vun der Landwirtschaft sinn esou Schlagwierder. Ma och do gëllt leider: Et geet net viru mam Ausbau vum Biolandbau, déi „konventionell“ Landwirtschaft hänkt fest, Bauerebetriber halen op, jonk Leit déi Interessi hätten e landwirtschaftleche Betrib ze grënnen, hu nach net genuch Zougang. Mir importéieren nach ëmmer iwwert 90% vun eisem Geméis, sinn och am Pestizid-Beräich net vill wieder komm. Allerdéngs gëtt et och flott Initiativen, wéi solidaresch Landwirtschaft, Zesummenaarbecht tëschent Naturschutzsyndikater a Baurebetriber z.B. d‘„Natur genéissen“-Projet… Et huet een och d’Impressioun wéi wann Naturschutz a Landwirtschaft géinteneen ausgespillt ginn: wéi kann een di zwee op een Nenner bréngen? Wéi kann d’Landwirtschaft méi klimafrëndlech gestalt ginn?
Forum 6: Fir eng effizient Ëmwelt- a Waasserwirtschaftspolitik an e verstäerkte Gesondheetsschutz: Challengen fir d’Zukunft
Mëttwochs, 22. Februar 2023 18.15 – 21.30 am Oekozenter Pafendall
Am Waasserberäich gëtt et mëttlerweil e.a. den 3. Wasserbewirtschaftungsplang an och nei gesetzlech Bestëmmungen, wat Grenzwäerter ubelaangt. An der Realitéit huet sech un der Qualitéit vum Uewerflächewaasser kaum eppes verbessert, och de Waasserverbrauch gouf net agedämmt, d’Grondwaasser ass opgrond vun de Klimaverännerungen an engem dach kriteschen Zoustand, nach ëmmer gëtt et en Defizit beim Ausbau vun de Kläranlagen… D’Ziler vum 2. Wasserwirtschaftsplang goufe net erreecht, am Ablack gesäit et esou aus, wéi wann et dem 3. änlech géing goen.
An der Ëmweltpolitik ass sécher Munches geschitt: E neit Offallgesetz gouf gestëmmt, Aktiounspläng Kaméidi a villes méi. Mais: och wa Verbesserungen agetruede oder en vue sinn, mir sinn nach wäit ewech vun engem ressourceschounende Verhalen a vun enger reeller Kreeslafwirtschaft. Wat misst geschéien?
Wou misst och de Gesondheetsschutz en anere Stellewäert kréien? Well Gesondheetsschutz ass net nëmmen d’Heele vu Krankheeten, ma och d‘Wuelbefannen a sengem Wunn- an Aarbechtsëmfeld – dëst och an Zäite vu gesellschaftleche Verännerungen – a Vermeide vu Krankheeten…