Wirtschaft
  • Print Friendly


Aktuell Ilres-Ëmfro bei 1000 Leit, am Optrag vum Mouvement Ecologique, weist kloer op: D’Leit wëlle keen Zréck an eng Gesellschaft wéi viru Corona an erwaarde sech elo gesellschaftlech a wirtschaftlech Reforme vun der Politik!

Mir stinn also a ville Beräicher un engem Wendepunkt.

 

Dëst ass de resuméierten Haaptbilan vu villen interessanten Äusserungen, déi an enger neier ganz aktueller Ëmfro vun TNS Ilres am Optrag vum Mouvement Ecologique tëscht dem 15. a 18. Juni, vun insgesamt 1016 gefroten Awunner*inne vu Lëtzebuerg getraff goufen.

D’Äntwerte sinn immens opschlossräich wat hir Wäerter an d’Aschätzung vum Gesellschafts- a Wirtschaftsmodell ewéi hir eegen Liewensastellung (baséierend och op di gemaachen Erfarungen am Lockdown) betrëfft.

 

Kuckt eran: D’Analyse vum Mouvement Ecologique mat Graphiken an d’detailléiert Ëmfro sti fir Iech hei an den Downloads.