• Print Friendly


Den Oekosoph huet säi Liwwerservice nees aktivéiert!

Opgrond vun der aktueller COVID-19 Situatioun an den entspriechende Mesuren, aktivéiert den Oekosoph erëm säi Liwwerservice! Bestellt wgl. mat Zäiten am Viraus um Tel. 621 297 242. Dir kënnt et an den Oekosoph siche kommen oder kritt et Heem geliwwert – all Dag an der Woch ab enger Bestellung vun ca. 60,- € tëscht Lëtzebuerg-Stad an Ettelbréck (mat klenge Schlenkere lénks a riets). Bezuele kënnt Dir boer oder mat Digicash. Hei d’Platen déi Dir bestelle kënnt:
• De Menü vun der Woch* 14.30 €
• Zopp vun der Woch 6.20 €
• Parmigiano di melanzane (Auberginne-Gratin) 11.00 €
• Lasagne mat Fleesch oder mat Quorn 11.00 €
• Kniddelen mat Speckgréiwen 11.00 €
• Kniddelen mat enger Moschterzooss 11.00 €
• Polpette di salsiccia 11.00 €
• Bouchée à la reine 14.00 €
• Indesche Curry mat Geméis a Räis 16.00 €
• Cous-cous mat Merguez oder vegetaresch 16.00 €
• Wëldragout mat Spaetzle a roude Kabes 20.00 €

*Op senger Homepage www.oekosoph.lu a senger Facebook-Säit fannt Dir de Menü vun der Woch wou och ëmmer e veganen oder vegetarësche Menü propséiert gëtt. Da wëlle mir Iech nach matdeelen, dass den Oekosoph awer soss den aktuelle Sécherheets-Mesure no weiderhin fir Iech op ass. Ëffnungszäiten:
Mëttes: Méindes bis freides vun 11.30 – 14.30 Auer
Owes: Dënschdes bis freides ab 17.00 Auer (mëttwochs reduzéiert Kaart)
Sonn- a Feierdeeg ass zou.
Reservatioun um Tel: (+352) 439030-91 / (+352) 621 297 242
www.oekosoph.lu
Kommt laanscht a profitéiert vun der schéiner Vue op d’Beem am Hierscht an der Rou am Pafendall!