Kultur und Natur
  • Print Friendly


De Schléifer op der Spuer – Spuerentunnel bastelen.

Well se nuetsaktiv sinn, a sech virun allem an Hecken an op Beem ophalen, kritt een d’Schléifer net oft zu Gesiicht. Hutt Dir awer de Verdacht, dass bei Iech am Gaart, Gaardenhaischen oder ënnert dem Daach ee Schléifer wunnt? Da bastelt ee Spuerentunnel!

De Prinzip vum Spuerentunnel ass folgenden: De Schléifer (oder een anert klengt Mamendéier) leeft duerch den Tunnel, iwwert een Tëntekëssen, deen an der Mëtt vum Tunnel placéiert ass, an hannerléisst seng Foussofdréck um wäisse Pabeier, dee virdrun an hannert dem Tëntekëssen um Buedem vum Tunnel befestegt ass.

 

Spuerentunnel bastelen – esou geet et!

 

Hei geet et zur Bauuleedung:

Gutt ze wëssen:

Positionéiert de Spuerentunnel op enger Héischt vun 1-2 m, am éischten op engem horizontalen Aascht am Schied oder Hallef-Schied.

Dir kënnt d’Schléifer och lackelen, andeems Dir ee Stéck Uebst oder e bësschen Kakuettebotter am Tunnel placéiert.

 

Et si Spueren am Tunnel! – An elo?

D’Spuere vu klenge Mamendéieren ze bestëmmen, ass net immens einfach. Den Naturmusée Thurgau huet eng Bestëmmungshëllef erstallt, déi Dir kënnt notze fir eng éischt Aschätzung.

Dir kënnt eis och gären Är Spueren (oder eng Foto), mat der Adress (oder Koordinaten), dem Datum an enger Telefonsnummer oder E-Mailadress  zouschécken. Mir hëllefen Iech da bei der Bestëmmung an droen Är Observatioun an d’Datebank iNaturalist.LU an.

 

All weider Informatiounen zur Aktioun Schléifer : https://naturelo.meco.lu/projekt/aktioun-schleifer/

 

31.08.22