• Print Friendly


D’Béiestäck vum Mouvement sinn zréck am Pafendall!

Nodeem se de Wanter an d’Freijoer bei hierem „Meeschter“ zu Bascharage verbruet hunn, déi véier Beiestäck vum Mouvement Ecologique nees zréck an de Pafendall komm a stinn elo laanscht Uelzecht niewent dem Oekozenter Pafendall. De Freijoershunneg gouf scho geschleidert – elo sammelen d’Beien erëm fläisseg Pollen an Nektar, fir datt de neie Bio-Summer-Hunneg ka produzéiert ginn, deen et da wéi gewinnt natierlech och beim Mouvement Ecologique ze kaafe gëtt.

Mat vollem Succès leeft och nach weider d’Aktioun „A voller Bléi“ vum Mouvement Ecologique mat Partnergeschäfter. Dobäi geet et bekannterweis drëm, datt jiddferen bei sech – sief et am Guart oder um Balkon – beiefrëndlech Blummen a Kräider planzt.

Op www.meco.lu/beien fannt Dir de Flyer mat alle Planzen, Partnergeschäfter, Gemenge déi matmaachen, Hannergrondinfoen a villes méi iwwert d’Kampagne.

De Flyer kënnt Dir natierlech och gären einfach beim Mouvement Ecologique ufroen, Tel. 43 90 30 -1, E-Mail: meco@oeko.lu.