• Print Friendly


Loscht an engem Aarbechts-grupp «Gemengepolitik» vum Mouvement Ecologique matzemaachen?

Dëser Deeg kritt Dir déi ausféierlech Broschür vum Mouvement Ecologique zum Thema Gemengewalen. Si ass erstallt gi vu ville Leit aus de verschiddenen Aarbechtsgruppen an an enger Rei Memberforen.

Ma mat dëser Broschür ass et natierlech elo net gedoen. An enger Rei Regionale wäerte Veranstaltungen am Kader vun de Gemengewale sinn, mäer wäerte fir de September nach eis besonnesch wichteg Iddien duerleeën … a virun allem duerno wëlle mäer weider um Ball bleiwen.

E.a. mat konkreten Urege fir eng Deklaratioun vun de neie Gemengeréit zur Biergerbedeelegung; dem Amësche bei der Gestaltung vun de berodende Kommissiounen; der Organisatioun vu Formatiounen a Seminären zum Thema…

Virun allem och d’Seminairen, Visiten, d’Virträg …. missten elo schon iwwerluecht ginn.

Hätt Dir Loscht an engem Aarbechtsgrupp – wou och e flotten Austausch sollt sinn – matzemaachen? Dat jee no Ärer Zäit an Interessi? Oder wëllt Dir einfach emol méi Informatiounen? Da mëllt Iech vgl. bei eis: meco@oeko.lu! Mäer freeën eis iwwert all Interessi.