Cours fir Passionéierter vum Geméisgaart

No Dig: Geméisbau effizient ouni de Buedem ëmzegruewen – wéi geet dat?

Dir wëllt ufänken, äert eegent Geméis unzebauen, oder baut schonn Geméis un a wëllt wësse, wéi dat méiglechst einfach an effikass geet – op natierlech Aart a Weis a selbstverständlech ouni chemesch Dünger a Pestiziden?
Dann ass dëse Cours dat Richtegt fir Iech.

No dem grousse Succès bitt de Mouvement Ecologique dëse Cours fir déi nei Gaardesaison op en neits un.
Hei ginn net nëmmen d’Grondlage vum Geméisbau mat ville prakteschen Tipps an Tricks vermëttelt, mee Dir léiert, wéi dëst geet ouni de Buedem ëmzegruewen – vum Som op den Teller.

De Buedem net ëmzegruewen ass nämlech net nëmme schounend fir de Réck, mee virun allem respektéiert et de Buedem als Grondlag fir gesond a resistent Planzen. Et suergt fir manner Onkraut a méi Waasser an den dréchene Perioden.

 


Inhalter

  • Wat ass No Dig (Geméisbau ouni ëmzegruewen) a wéi ginn ech do vir? Op wat muss ech heibäi oppassen?
  • Wat huet dëst fir Virdeeler op meng Aarbecht am Gaart?
    Wat huet et fir Virdeeler op de Buedemökosystem, op meng Planzen, d’Waasser a Närstoffversuergung?
    Wat bréngt dës Method an engem ëmmer méi onstabille Klima?
  • Wéi kann ech doheem meng eege Planzen unzéien?
  • Wéi organiséieren ech mäi Gaart – och esou, datt e bal ni eidel ass?

De Cours riicht sech un all Hobbygäertner, deen e Stéckchen Terrain huet – egal wéi eng Gréisst, op Virgäertchen oder Feld – a seriö Loscht drop huet, sech selwer oder en Deel vu sengem Ëmfeld mat eegenem Geméis ze versuergen.

En ass fir jiddereen, dee wëllt léieren, Geméis buedemschounend, aarbecht- a waasserspuerend a mat positivem Impakt op d’Biodiversitéit unzebauen.

 


Nom Ofschloss vum Cours sollt et all Participant méiglech sinn:

  • E Verständnis iwwert d’Wichtegkeet an d’Natur vum Buedem ze kréien.
  • E Verständnis vun de saisonalen Ëmweltbedingungen am Zesummenhang mam produzéierte Geméis ze kréien (Basis vun all Permakulturgedanken).
  • Säi Gaart ze organiséieren an e simpele Kulturplang op d’Been ze stellen.
  • Eng gewëssen Unzuel an Typpe vu Jongplanzen ze zillen an dës Kulturen och mat Succès unzebauen an ze fleegen.
  • Mat manner Aarbecht a méi Freed, méi a bessert Geméis ze recoltéieren ewéi virdrun.

 


Wéi geet de Cours?

Cours fir Passionéierter vum Geméisgaart:

No Dig: Geméisbau effizient ouni de Buedem ëmzegruewen – wéi geet dat?

De Cours gëtt ugebuede vum Max Epstein (MSc Botanik) a Claude Petit (MSc Agrarwëssenschaft), d’Matbegrënner a Leeder vum Krautgaart zu Stengefort – e Geméisbaubetrib, deen zanter 2016 ouni de Buedem ëmzegruewen eng grouss Villfalt u Geméis ubaut.

E fënnt zum groussen Deel am Krautgaart zu Stengefort statt.

 


Organisatoresch Informatiounen

  • Zäitraum: November 2025 – Oktober 2026
  • Format: 4 Workshops an 2 theoretesch Sessiounen (PowerPoint)
  • Wou: Krautgaart zu Stengefort respektiv Oekozenter Pafendall
  • Sprooch: Lëtzebuergesch
  • Participanten: max. 15 Persounen
  • Präis:
    • Member vum Mouvement Ecologique: 325 €
    • Net-Member: 425 €
  • Umeldung: via inscription@meco.lu
    (Dir kritt weider Informatiounen, inkl. Iwwersiicht iwwer d’Iwwersiicht vum Bäitrag)

 


Oflaf iwwer 6 Terminer

1. 26. November 2025 – Theorie (am Oekozenter)
Wéi starten ech en No-Dig-Gaart? Wat brauch ech (net)? Wéi eng Virdeeler hunn ech (huet de Buedem)? Firwat ass dat méi ökologesch? Wat ass e Kulturplang? Wat ass mäi Kontext a wat mäin Zil?
🕓 3,5 Stonnen (17:30 – 21:00 Auer)

2. 28. Februar oder 1. Mäerz 2026 – Workshop (am Krautgaart Stengefort)
Wéi starten ech meng Saison? Introductioun zur Planzenzuucht (wéini maache mer wat a wéi?), Organisatioun vu senge Moyen’en, Iwwersiicht vun der Gaardesaison (Ëmweltbedingungen: Dagesluucht, Temperatur, Waasser, Onkraut, Ongeziefer)
🕓 5 Stonnen (10:00 – 15:00 Auer, 1 Stonn Mëtteg / Picknick matbréngen)

3. 11. oder 12. Abrëll 2026 – Workshop (am Krautgaart Stengefort)
Verdéiwung vu Planzenzuucht, wat huet geklappt / wat net? Strategië fir Summer- a Recoltesaison a Folgekulturen. Gutt Methoden, Tipps an Tricks fir Efficacitéit an Aarbecht ze spueren.
🕓 5 Stonnen (10:00 – 15:00 Auer, 1 Stonn Mëtteg / Picknick matbréngen)

4. 16. oder 17. Mee 2026 – Workshop (am Krautgaart Stengefort)
Summerplanzungen, Maintenance vu Summerkulturen, Strategië géint Ongeziefer, Waassermanagement …
🕓 5 Stonnen (10:00 – 15:00 Auer, 1 Stonn Mëtteg / Picknick matbréngen)

5. 27. oder 28. Juni 2026 – Workshop (am Krautgaart Stengefort)
Suivi vun den éischte Recolten, wat huet geklappt / wat net? Wéi verhält sech de Buedem? Wat sinn Är Beobachtungen?
Sënnvoll Methode fir am Gaart d’Biodiversitéit ze favoriséieren an d’Produktivitéit ze steigeren. Tipps, Tricks an Strategië géint Ongeziefer …

🕓 5 Stonnen (10:00 – 15:00 Auer, 1 Stonn Mëtteg / Picknick matbréngen)

6. 3. Oktober 2026 – Theorie & Diskussioun (am Oekozenter)
Allgemeng Zesummefaassung, Preparatioun fir de Wanter a fir d’Saison 2027.
🕓 3 Stonnen (10:00 – 13:00 Auer)

 


 

Bei de jeeweilegen Terminer am Abrëll a Mee gëtt et ausserdeem d’Méiglechkeet, Jongplanzen aus dem Gaart ze kaafen.