Am Juni op Nuetswanderung mat de Gehaansfénkelcher – Samschdes, den 20. Juni 2026 ëm 21h45
All Joer, ab Mëtt bis Ënn Juni kann een an de waarmen Owenter Gehaansfénkelcher (DE: Glühwürmchen, FR: lucioles) beobachten, kleng Liichtkiewerlécke déi op der Sich no engem Partner sinn.
Si fléie meeschtens um Bëschrand oder laanscht ongeméite Bëschweeër, wou se mat engem biochemeschen Trick Luucht an d’Däischtert vun der Nuecht bréngen.
Haut sinn d’kënschtlech Beliichtung an d’Méine vu Bëschweeër a -ränner eng Gefor fir d’Gehaansfénkelcher.
Op dëser Wanderung wäert Dir Interessantes iwwert d’Biologie an d’Liewensweis vun den eenheemesche Gehaansfénkelcher gewuer ginn an iwwert weider geheimnisvoll Déieren aus der Nuecht.
Klengen Extra fir d’Naturfotografen ënnert iech : Op der Visitt wäert och kuerz gewise ginn, wéi ee mat der Technik vun der Laangzäitbeliichtung mat engem Fotoapparat d’Liichte vun de Gehaansfénkelcher afänke kann. De Fokus vun der Wanderung wäert awer um direkten Naturerliewen leien.
Wéini: Samschdes, den 20. Juni 2026 ëm 21h45. Dauer ongeféier 1 ½ Stonn. De Start ass ëm Sonnenënnergang ugesat, well d’Gehaansfénkelcher réischt dono ufänken ze liichten.
Dës Sortie fënnt nëmme bei guddem Wieder statt!
Féierung: Rosch Schauls & Jacques Pir. D‘Féierung ass op Lëtzebuergesch.
D‘Wanderung ass 2.5 km laang a geet iwwer amenagéiert a net amenagéiert Weeër.
Fir un der Nuetswanderung deelzehuelen kënnt Dir Iech bis den 18. Juni umellen per Mail: inscription@meco.lu oder iwwer Telefon: 43 90 30 1
Rendez-vous: An der Géigend vum Biergerkräiz a Walfer, geneeën Treffpunkt kritt Dir bei der Umeldung matgedeelt.
10.06.26





