Umweltpolitik
  • Print Friendly


Alle Bürger:innen chronischer Pestizidbelastung ausgesetzt – Der Staat Luxemburg muss handeln!

Der Mouvement Ecologique hat in den letzten Monaten in 11 Haushalten Analysen der Pestizidbelastung im Hausstaub durchgeführt. Die teilnehmenden Personen stammen aus dem gesellschaftspolitischen Leben Luxemburgs und erklärten sich bereit, dass ihre Analysen veröffentlicht werden. Die Resultate dieser Pestizidanalysen bestätigen vorherige Studien. Sie führen aber mehr denn je vor Augen, dass wir mittlerweile alle einer chronischen Pestizidbelastung ausgesetzt sind. Deshalb ist konsequenteres Handeln seitens der politisch Verantwortlichen erfordert.

Dabei wurde eine Belastung festgestellt, unabhängig davon, ob sich das Haus eher im städtischen oder ländlichen Bereich befand!

In ALLEN untersuchten Häusern wurden Pestizidrückstände (durchschnittlich 6 verschiedene Substanzen!) gefunden, wobei insgesamt 17 verschiedene Substanzen nachgewiesen wurden. Insgesamt wurde auf 30 verschiedenen Substanzen getestet.

Insofern ist die Schlussfolgerung durchaus legitim, dass in Luxemburg jeder – unabhängig vom Wohnstandort und den Lebensverhältnissen – Pestizidbelastungen ausgesetzt ist!

In den vergangenen Jahren wurden bereits  unterschiedliche Analysen im Auftrag der verschiedenen Ministerien durchgeführt,  welche ebenfalls die Pestizidbelastung in der Umwelt, in Lebensmitteln sowie in Haaren von Kindern nachwiesen. Die Reaktion der politisch Verantwortlichen – in vorderster Linie des Landwirtschafts- und des Gesundheitsministeriums sind erschreckend! Denn es wird nicht konsequent an einer Reduktion der Pestizidbelastung gearbeitet.

Der Mouvement Ecologique fordert die Politik auf, endlich konsequent zu handeln.In der Stellungnahme werden die verschiedenen Analysen dargestellt, sowie konkrete Anregungen an die Politik formuliert.

Sie finden ebenfalls Aussagen zur Thematik von jenen Personen, die bereit waren, an der Aktion teilzunehmen.

Rezente Analysen der Staubbelastung des Mouvement Ecologique zeigen auf: KEINER kann sich der Pestizidbelastung in Luxemburg entziehen

Unsere detaillierte Stellungnahme, den Bericht der Staubanalysen sowie die Powerpoint Präsentation finden Sie in den Downloads.

 

De Mouvement Ecologique huet déi Léit, déi bereed waren sech um Projet ze bedeelegen, gebieden an engem kuerze Statement, hier Siicht duerzeleeën:

 

„Trauben sind in Luxemburg mit einer Behandlungsfrequenz von 22 (im Schnitt 22 Pestizidbehandlungen im Jahr) die am häufigsten behandelte Kultur. Teilweise werden die Substanzen auch heute noch mit dem Hubschrauber ausgebracht, wobei diese Art der Ausbringung die absolute Ausnahme sein sollte. Es ist im Interesse von jedermann, dass umweltschonendere und für die Gesundheit unbedenklichere Wege eingeschlagen werden müssen, um dieses Genussmittel zu erzeugen. Aktuell bezahlen die Bürger:innen dreimal: für den Kauf und Einsatz der Pestizide über die aktuellen Agrarsubventionen, für die Säuberung von Boden, Wasser und Luft von den eingesetzten Pestiziden und durch die Belastung ihrer Gesundheit durch die Pestizide.“

Alexandra Arendt, Sekretärin FUAL

 

“Ëmmer méi Leit, virun allem Jonker, treffen hautzedaags e bewosste Choix fir méi nohalteg anzekafen. Sief dat méi regional a vegetaresch Iesswueren oder ebe Bio-Produiten, fir vu pestizidbelaaschte Liewensmëttel fortzekommen. Ma laut de Resultater vun dëser Analyse kann ee jo souguer wann een dee Choix fir sech trefft nach ëmmer net sécher sinn, datt een net méi a Kontakt mat Pestizide kënnt. Dat fannen ech immens schued. An dat weist op en Neits, datt et couragéiert Decisioune vun der Politik braucht, fir datt de Choix, nohalteg a gesond ze liewen, och reell ass. Grad elo, wou duerch d’Coronapandemie eis Gesondheet erëm méi an de Fokus geréckelt ginn ass, sollt den Impakt vun eise Kaf- an Iessgewunnechten op eis an op déi zukünfteg Generatioune keen Tabuthema méi sinn.”

Tanja Duprez, move., Jugendbewegung Mouvement Ecologique

 

“Trotz der Bevorzugung von bio-zertifizierten Lebensmitteln und die persönliche Ablehnung des Einsatzes von chemisch-synthetischen Stoffen waren wir schon mehr als erstaunt zu erfahren, dass in unserem Haus überdurchschnittlich viele verschiedene Pestizide festgestellt wurden. Die verfügbaren Daten zu den Pestizidrückständen belegen die allgegenwärtige Kontamination von Boden, Luft, Wasser, unserer Nahrungskette und schließlich uns Menschen. Sie widerlegen auch das Märchen einer umweltverträglichen Landwirtschaft, solange diese auf giftige chemisch-synthetische Pestizide zurückgreift. Ein schneller Ausstieg aus einer von Giftstoffen abhängigen Landwirtschaft ist wichtiger denn je. Die umwelt- und tierfreundlich arbeitenden, biologisch zertifizierten Betriebe zeigen, wie es geht.”

Roger Dammé, Bio-Imker, Mouvement Ecologique

 

Mir si jo bei dëser Aktioun als sougenannte Promien gefrot ginn fir mat ze maachen. Mir waren awer och ganz frou doriwwer. Wie wéilt net wëssen wéi et bei him doheem a Saachen Schuedstoff Belaaschtung ausgesäit. An dësem Fall ganz präzis em Pestiziden déi haaptsächlech iwwert d’Loft dorëmmer verblose ginn, eventuell och nach mat de Schong a mam Gezei an d’Haus geschleeft ginn. Wann een dann op d’Resultat vun sou enger Analys waart, dann ass een awer schonn e bësschen opgereegt. An an dësem Fall, wann een d’Resultat huet, och zimmlech erféiert. Och wa mir hei nach relativ gutt ewech komm sinn. An awer. Bei jidderengem sinn sou Gëftstoffer ze fannen. An datt schlëmmst ass, et weess een net wéi sech wieren. Mir ernieren eis gréisstendeels Bio … mä de Stëbs. Et verlaangt ee ganz einfach datt eng Regierung een virun deene Chemesche Gëfter schützt. Net datt se eng Kéier d’Corona Maske virschreiwe mussen fir dat mir net duerch Pestiziden krank ginn.

Roll Gelhausen a Susy Lentz, Kabarettisten

 

“Wann de Konsument Liewesmëttel keeft, misst hien dervun ausgoe kënnen, datt déi gesond a net belaascht sinn. Desto méi wann elo drop steet, se wären aus regionaler Produktioun. Datt Liewesmëttel oft mat Pestizide belaascht sinn, ouni datt dat fir de Konsument erkennbar ass, ass net ze akzeptéieren. A scho guer net, datt virun allem zevill importéiert Wueren esouguer Grenzwäerter iwwerschreiden. Do missten de Konsumenteschutz-, Gesondheets- a Landwirtschaftsministère aktiv ginn. Datt elo awer scheinbar jiddweereen zousäetzlech Pestiziden an der Loft ausgesat ass, beonrouegt nach weider. D’Politik misst endlech aktiv ginn.”

Nico Hoffmann, President ULC

 

„Et ass extreem revoltant, dass mir säit iwwer 60 Joer, ënner anerem wat d’Landwirtschaft ugeet, a sou enger Zwéckmillche setzen. Et gëtt blockéiert aus Intressen, Habgier, Dommheet a Boussicht. Mir Mënschen sinn sou gescheit, brillant an intelligent genuch et fäerdig ze bréngen den Dag an d’Stonn auszerechne wéini mer ënnerginn, mee,  ze beschränkt et ze verhënneren.

Mir gewinnen eis un alles. Wann een an de 70iger- 90iger spadséiere  goung, huet et op de Felder alt mol nach reegelméissig ätzend no Gëft gestonk an d’Zong ass engem geschwoll.

Och dat gëtt haut besser gemaach, d’Verpackung huet geännert a mir schéngen et ze akzeptéieren eis an eis Nokomme „nohaltig“ ze vergëften. Ech gratuléieren de Baueren, Gäertner a Wënzer an all aner betraffe Betriber déi d’Intelligenz an de Courage hunn elo ëmzesteigen.“

Danielle Grosbusch, Kënschtlerin

 

“Si l’agriculteur est le coupable tout désigné pour l’utilisation des pesticides, qui n‘a pas protégé ses rosiers contre les pucerons, qui n‘a pas pulvérisé un antimoustique dans sa chambre à coucher? Qui n‘a pas traité ses armoires contre les fourmis, qui n‘a pas traité ses salades avec les beaux granulés bleus contre les limaces…
Un agriculteur me disait que la pluspart des citoyens pour leur usage privé n’avaient aucune idée comment utiliser les pesticides. Très souvent on double la dose (ou plus) pour être certain du résultat. ( un agriculteur pour raison de rentabilité utilisera en principe le minimum pour le résultat escompté). 
Un autre agriculteur Bio chez qui je vais chercher mon ravitaillement s‘est excusé parce que ses pommes de terre n’était pas très „belles“ et que quelques „ bestioles“ avaient squattées sa production… Par nos excès ou exigences n‘ aurions nous pas une „petite „ part de responsabilité ?

Christophe Poissonnier, Kënschtler

 

„Et ass en Iertum ze gleewen, datt wa mir eppes an de Gaart an den Offloss oder soss iergendwou hischëdden, datt dat da verschwënnt oder consomméiert gëtt. Kënschtlech Substanze kënnen net, oder net sou gutt vu Bakterien oder Pilzen zersat ginn, well sie d’Wierkelgeschier dofir net hunn. Dës Substanze bleiwen dann eiser Ëmwelt, si gi verdënnt awer nawell kënnen se sech accumuléieren. D’Fuerschung u natierlechen, biologesch ofbaubare Wierkstoffer muss dohier massiv ënnerstëtzt ginn.“

 Joseph Rodesch, Science Communicator

 

“Pestiziden oder, wéi mäi Papp ëmmer sot, Sprëtzmëttel, hu fir mech e batteren Nogeschmaach. An dat am richtege Sënn vum Wuert. Ech schmaachen se wierklech.

An den 1950er bis 1970er Joren ass all Onkraut um Feld doutgeprëtzt ginn, well et eben Onkraut war. Net all Bauer hat eng eege Sprëtz. Ze deier an net all Dag am Gebrauch. Mäi Papp huet déi Knaschtaarbecht fir déi aner matgemeet. Wann ech em den Triichter ugehal hunn, an hien de Biddong mam Sprëtzmëttel an de Sprëtzkessel geschott huet, dann ass och bei mir keen Onkraut méi gewuess. E bësse Verloscht war ëmmer. Mäi Papp ass jonk u Longekriibs gestuerwen. Kann et sinn, wann haut Pestizide bei äis am Haus fonnt ginn, datt ech déi vun deemools nach ëmmer un de Schong hänken hunn?”

Michèle Turpel, Privatbeamtin a Jemp Schuster, Kënschtler

 

“Ech war virwëtzeg gewuer ze ginn, wat alles am Stëbs an eiser Schlofzëmmer
ze fanne wär. Dass vun den 30 geteste Pestiziden der 8 bei mir fonnt gi sinn, ass net grad
berouegend. Dass dat och nach an den europäeschen  Norme läit, ass nach manner berouegend, souzesoen den Normalzoustand. Elo misst et eng Ulafstell fir
d’Bierger ginn, fir méi genee Analysen ze maachen, an eventuell Auswierkungen
op d’Gesondheet anzeschätzen.”

Serge Tonnar, Kënschtler

 

 

“Zenter Joren ass gewosst, datt d’Leit, d’Natur an d’Deieren zu Lëtzebuerg Pestizidbelaaschtungen ausgesat sinn. Pestiziden gehéieren awer weder an de Kreeslaf vun der Natur nach vum Kierper. D‘Politik – Gesondheets-, Landwirtschafts- an Ëmweltministère – reagéiert a kenger Form an der néideger Konsequenz. Vum Gesondheetsministère héiert ee guer näischt. Eigentlech gëtt dem Problem relativ passiv nogekuckt. Virun allem och de Gesondheetsministère entzitt sech
aller Responsabilitéit. Datt d’Politik déi chronesch Belaaschtung vun eis all hinhëlt, wéi wa se quasi „alternativlos“ wäer ass beonrouegend a net länger tragbar. D’Pestizidbelaaschtung ass een vun den Dossieren, wou d’Politik weise muss, datt se nach handlungsfäeg ass.”

Blanche Weber, Presidentin Mouvement Ecologique

 

 

14.12.22