Ween huet den Ouschterhues gesinn ? „Aktioun Hues“ – maacht mat !
  • Print Friendly


Ween huet den Ouschterhues gesinn ? „Aktioun Hues“ – maacht mat !

D’Ouschterblumme hunn hir Käppercher scho laang eraus, am Supermarché grinsen d’Hiesercher aus Schokela engem entgéint, ma wéi ass et da mam Ouschterhues op der Gewan?

 

Dëst Joer dréint sech eis nei Matmaach-Aktioun ëm den Hues. Wéi an de virëschte Joer beim Kéisécker a bei de Schléifer aus, brauche mir är Hëllef!

 

Maacht mat bei eiser „Aktioun Hues“ a gidd eis är Observatioune op iNaturalist (d‘Uleedung dozou ass an den Downloads) oder per Mail: natur@oeko.lu eran!

 

An den Downloads fannt Dir de Flyer zu der Matmaach – „Aktioun Hues“  an op naturelo.meco .Do gitt der méi gewuer firwat dës Aart besonnesch Opmierksamkeet brauch, firwat et hir net esou gutt geet a wéi mir all eise Bäitrag leeschte kënne se ze schützen.

 

Ma firwat bréngt eis Ouschteren eigentlech en Hues Eeër an net een Hong?

Dofir fënnt ee ganz vill verschidden Theorien. Engersäits ass den Hues eent vun den éischten Déieren dat am Fréijoer Klenger kritt, ëmt d’Ouschterzäit. Domadder gëllt den Hues als Fruchtbarkeetssymbol, genau sou wéi Eeër, déi am Chrëschtentum och als Sinnbild fir d’Opersteeung vum Jesus gëllen (Déi opgebrache Schuel steet fir säin eidelt Graf op Ouschteren…). An aner Géigende vun Europa hunn allerdings fréier och mol aner Déieren déi faarweg Eeër bruecht, z.B. de Fuuss a Bayern oder de Kuckuck an der Schwäiz. Op anere Plaze bréngen d’Kiercheglacke, déi Ouschtere vu Roum zréck kommen d’Eeër mat. Insgesamt huet den Hues sech awer duerchgesat – et ass jo och e sympatescht Déier mat senge laange Läffelen. Anscheinend gëtt him d’Verstoppe vun den Eeër nogesot, well sech am Fréijoer Huesen mol méi no bei d’Dierfer gewot hunn, a wéint hirem fluchtaartege Verhalen, de Kanner gekréckelt ginn ass si hätte séier d’Eeër verstoppt a wären da fortgelaf. Dono huet d‘Schokelasindustrie ab der Mëtt vum 20. Joerhonnert den Hues als Sympathieträger fir Ouschteren massiv no vir bruecht, sou datt en ëm dës Zäit aus de Regaler vum Supermarché net fortzedenken ass.

 

Vill méi flott wier et awer, wann een en ausserhalb um Buttik och nach méi dacks géif gesinn…

 

 

 

 

27.03.2024