Mobilität
  • Print Friendly


Table Ronde mat de Parteien: Wéi ëmgoe mat der Wuesstemsfro? Wéi eng Landesplanung zu Lëtzebuerg fir muer?

De Mouvement Ecologique luet Iech am Virfeld vun de Nationalwale ganz häerzlech an op eng

Table Ronde mat de Vertrieder vun de politesche Parteien:

Wéi ëmgoe mat der Wuesstemsfro?
Wéi eng Landesplanung zu Lëtzebuerg fir muer?

 

Donneschdes, de 5. Oktober 2023 um 18.30 Auer am Auditorium vum Cercle Cité,
3, rue Génistre, Lëtzebuerg

 

Un der Table Ronde huele folgend Vertrieder vun de politesche Parteien deel:

 

  • Baum Marc, Déi Lénk
  • Fayot Franz, LSAP
  • Hahn Max, DP
  • Klein Tommy, Piratepartei
  • Kneip Gary, Fokus
  • Turmes Claude, Déi Gréng
  • Weidig Tom , ADR
  • Wiseler Claude, CSV.

 

Brauche mir e kontinuéierleche wirtschaftleche Wuesstem? Ass e kompatibel mat den Ziler vun dem Biodiversitéits- an dem Klimaschutz? Ass en mat méi sozialer Gerechtegkeet verbonnen? Wär et sënnvoll, eise Sozialsystem manner ofhängeg vum Wuesstem ze gestalten a wéi kéint dat ausgesinn? Wéi kéint d’Entwécklung vun eiser Wirtschaft ouni Wuesstemszwang ausgesinn? Wéi ass hautdesdaags “Wuelstand – gutt liewen” ze definéieren? Wéi eng Roll kann d‘Landesplanung – am Zesummespill mat anere Ministèren an de Gemengen – iwwerhuelen , fir déi gewalteg Erausfuerderungen e.a. an der Mobilitéit, dem Wunnengsbau, der Biodiversitéit, dem Klimaschutz – verstäerkt ugoen? Wéi soll sech d’Zesummenaarbecht mat de Grenzregioun entwéckelen?

 

Duerzou wäerten di eenzel Parteie Stellung bezeien. Et wäert och genuch Zäit bleiwen, fir Froen aus dem Sall.

No der Table Ronde, offréiert de Mouvement Ecologique e Patt, wou weider kann diskutéiert ginn.

Dir sidd elo schonn häerzlech agelueden. Dir erliichtert eis d’Organisatioun, wann Dir Iech am Virfeld umellt. Duerfir Merci fir e mail am Viraus op meco@oeko.lu.

 

D’Table Ronde gëtt op englesch simultaniwwersaat.

25.08.23