Umweltpolitik
  • Print Friendly


Table Ronde mat de Parteien: Wéi eis natierlech Ëmwelt erhalen an déi biologesch a regional Landwirtschaft no vir bréngen?

De Mouvement Ecologique luet Iech am Virfeld vun de Nationalwale ganz häerzlech an op eng

Table Ronde mat de Vertrieder vun de politesche Parteien:

 

Wéi eis natierlech Ëmwelt erhalen an déi biologesch a regional
Landwirtschaft no vir bréngen?


Dënschden, den 12. September 2023 um 18:30 Auer am Auditorium vum Cercle Cité an der Stad.

 

Un der Table Ronde huelen folgend Vertrieder vun de politesche Parteien deel:

 

  • Benoy François, Déi Gréng
  • Boonen Jeff, CSV
  • Diderich Gary, Déi Lénk
  • Graas Gusty, DP
  • Haagen Claude, LSAP
  • Majerus Luc, Fokus
  • Ben Polidori , Piratepartei
  • Schoos Jean, ADR.

 

Wéi stelle sech déi eenzel Parteie fir, datt de Biodiversitéitsverloscht ka gestoppt ginn? Wéi soll eis Landwirtschaftspolitik am Interessi vun der Allgemengheet an dem Bauer reforméiert ginn? Wat muss geschéien, fir de Schutz vun der Biodiversitéit an der landwirtschaftlecher Produktioun méi no bei eneen ze bréngen? E.a. dës Froen wäerten am Laf vum Owend diskutéiert ginn.

Duerzou wäerten di eenzel Parteie Stellung bezeien. Et wäert och genuch Zäit bleiwen, fir Froen aus dem Sall.

No der Table Ronde, offréiert de Mouvement Ecologique e Patt, wou weider kann diskutéiert ginn.

Dir sidd elo schonn häerzlech agelueden. Dir erliichtert eis d’Organisatioun, wann Dir Iech am Virfeld umellt. Duerfir Merci fir e mail am Viraus op meco@oeko.lu.