• Print Friendly


4. a 18. Mäerz Béierschmaachowend: “Beer meets Food / all organic stuff”

Am Oekosoph ginn – niewent dem „Stammbéier“, dem „Bio-Simon“ – aussergewéinlech an originell Bio-Béierzorten ugebueden. Kommt laanscht, loosst Iech vun eisem Fournisseur „True Brew Trade“ iwwerraschen an Iech Erklärungen zu de verschidden handwierklech gebraute Béierzorte ginn (hier Hierkonft, Brauweis, Eegenaarten…).

Begleet ginn déi 10 Béierprouwen mat passende kulinaresche Leckereien aus der Kichen:

  • Bruschetta mat Mozzarella
  • Béierzopp
  • Vegetaresche Curry mat Reis
  • Kéisplateau
  • Moelleux

Rendez-Vous: 19.00 Auer am Oekosoph
Präis : 25 Euro fir Memberen vum Mouvement Ecologique, 30 Euro fir Net Memberen. D’Zuel vun de Participanten ass begrenzt. Duerfir: déi Éischt si fir !

Eng Umeldung bis zum 1. Mäerz 12.00 ass néideg.