• Print Friendly


Ab dem 20. Mäerz ginn et am Oekosoph gläich 2 Neierungen:

Ausstellung vun Oekozäitschrëften: Sicht Dir eng Zäitschrëft iwwer ëmweltschounend Mobilitéit? Iwwer de Verbraucherschutz? Natur an Ëmwelt? Am Oekosoph leien vum Mäerz un, ronn 20 verschidden Zäitschrëfften aus der Bibliothéik vum Oekozenter Pafendall fir unzekucken, aus.

Bicher-Tauschkëscht: Hu Dir Bicher déi Dir net méi liest, se awer un aner Leit weider wëllt ginn? Hu Dir Loscht op nei Bicher? Dann notzt Bicher-Tauschkëscht am Oekosoph. Och vum Mäerz un kënnt Dir d’Bicher déi Dir verschenke wëllt do ra leeën an Iech Bicher déi Iech interesséieren mathuelen!