Umweltpolitik
  • Print Friendly


30 JOER OEKOZENTER PAFENDALL – Eis Gesellschaft um Wee zu méi Nohaltegkeet virubréngen!

Den Oekozenter Pafendall – eng Initiativ vum Mouvement Ecologique – feiert dëst Joer als asbl 30 Joer. D’Projete vum Oekozenter Pafendall si bemierkenswäert: Vum nohaltege Bauen iwwert konkret Initiativen am Beräich „Manner Konsum“ bis zu Projeten am Klima- a landwirtschaftleche Beräich.

 

An 30 Joer Oekozenter huet sech vill gedoen. Den Oekozenter Pafendall ass net nëmmen d’Haus, wou eng ganz Rei ONG’en hire Sëtz hunn a wou sech mat der Zäit als Forum fir vill Konferenzen a Reunioune vu befrënnten Initiativen entwéckelt huet, ma nach vill méi.

Niewent dem „Oekosoph“ an der Mediathéik „Oekobib“ gëtt et Berodungsservicer am Ëmwelt-, Bau- a Landwirtschaftsberäich mat enger multidisziplinärer Equipe. Wat ons besonnesch um Häerz läit, dat ass d’Iddi, mat Pilotprojeten eis Gesellschaft op de Wee vu méi Nohaltegkeet ze bréngen.

Aus dësem Grond fannt Dir eng kuerz Präsentatioun vun aktuelle Projeten an der Spezialbäilag am Kéisecker info an och hei als PDF an den Downloads. Mir wënschen Iech vill Spaass beim Liesen.

 

All Infoen zum Oekozenter fannt Dir op www.oekozenter.lu