.

Gefore fir de Kéisécker an Ursaache fir säi Réckgang

 

Déi natierlech Feinden an och déi héich Stierflechkeet am éischte Liewensjoer konnt de Kéisécker wärend Joerdausende gutt verkraaften. Mee géint den neie Geforen duerch de Mënsch, hat d’Evolutioun beim Kéisécker leider kee Schutz virgesinn ….

 

Iwwerliewen am zerschniddenste Land vun Europa?

 

Un aller 1. Plaz steet den Auto. Kéisécker ginn all Nuecht op Wanderschaft fir no Fudder an / oder engem Partner ze sichen. D’Männercher lafe generell méi wäit wéi d’Weibercher an hunn um Ënn vun der Nuecht dacks méi wéi 3 Kilometer um Bockel!

Dobäi mussen si wuel oder iwwel iwwert Stroosse lafen, well déi eenzel Liewensraim an deene si sech ophalen ze kleng si fir hinnen all dat ze bidden, wat si fir z’iwwerliewen a fir d’Reproduktioun brauchen. Well eis Landschaft duerch asphaltéiert Weeër a Stroossen esou zerschnidden ass, muss e Kéisécker am Duerchschnëtt méi wéi 3-4 mol pro Nuecht iwwert eng Strooss goen (Lëtzebuerg  ass an der EU esouguer dat « zerschniddenstent » Land). Iwwregens: beim Wiessele vun enger Säit op déi aner, leeft de Kéisécker esou séier wéi e kann. Hie rullt sech net virum Auto zesummen, well dëst seng natierlech Reaktioun bei Gefor ass. Lues fueren iwwer Land kënnt also och dem Kéisécker ze gutt !

All Kéisécker begëtt sech also alldeeglech a Gefor fir iwwerrannt ze ginn. Jidderee kënnt wahrscheinlech den trauregen Ubléck vun engem iwwerrannte Kéisécker – eng ganz Rei vu Leit kënnen d’Déier wuel och just esou, an hunn nach ni e liewege gesinn!

Allerdéngs ginn och dës tragesch Biller ëmmer méi seelen! Net well d’Autoschaufferen oder Kéisécker besser oppassen, nee de Kéisécker mécht sech ëmmer méi rar, et deet sech dat selwecht wéi bei den insektefräie Wandschutzscheiwe vun den Autoen.

 

Als Insektefriesser gëtt de Kéisécker net méi sat

 

D‘Insektebiomasse ass an de leschten 20 Joer ëm 70-80% zeréckgaangen. Dat bedeit natierlech entspriechend manner Fudder fir Insektefrësser wéi de Kéisécker! Also och méi grouss Distanzen ze lafe fir sat ze ginn, iwwer méi Stroossen lafen, méi iwwerrannten Déieren. Verantwortlech fir dëse staarke Réckgang un Insekten ass ënner anerem de massiven Asaz vu Pestiziden, déi nieft der direkter Reduktioun vu Fudder och méiglech Schied duerch Gëftakkumulatioun a Beanträchtegung vun der Gesondheet/Reproduktioun vum Kéisécker hunn. Jiddefalls sinn entspriechend Schied vun dëse Gëfter, wéi déi berüchtegt Neonicotinoïden bei Vullen, nogewisen. Dës systemesch wierkend Mëttele stinn och am Verdacht an der embryonaler Entwécklungsphase vun de Mamendéiere Schied um Nervesystem ze bewierken.

 

Eis Agrarlandschaft gëtt ëmmer méi kéisécker-feindlech!

 

De Kéisécker ass e Bewunner vun der Agrarlandschaft, hie lieft also primär an der oppener Landschaft mat Wisen, Felder, Bongerten… Esou wäit zur Theorie, an der Praxis sinn eis Agrarlandschafte fir de Kéisécker op grousse Flächen onbewunnbar. Niewent dem Gëftasaz an dem iwwerméissegen Dünger ass virun allem de Verloscht vun enger klengstrukturéierter Landschaft e Problem: kleng Parzelle mat Hecken oder klenge Brochen, all dat ass Passé. Do derbäi kënnt, datt d’Baueren ëmmer méi nuets Silage méien, grad da wann de Kéisécker seng Stopp verlooss huet an duerch landwirtschaftlech Parzelle leeft – mat déidlechem Ausgang.

 

Eis Gäert – déi lescht Chance fir d’Däreldéier?

 

E wichtege Liewensraum fir de Kéisécker ware säit jeehier d’Gäert, wou de Klenggäertner e Kompostkoup ugeluecht, Wierm an Insekten ze fanne waren, genee wéi och Iwwerwanterungs- oder Verstopplazen.

D’Liewen tëscht eisen Haiser a Residencë ass mëttlerweil awer fir den nuetsaktive Kéisécker ëmmer méi beschwéierlech ginn.

Pestiziden, steril Virgäertercher mat Beton a Schotter, kuerzgeméite Wues, zougebaute Broochen, feelend Geméisgäert a Bongerten ouni Insekten als Fudder, grad wéi onduerchlässeg Grenzdréit a Gaardemaueren engen de Liewensraum vun eisem stachelege Gesell ëmmer méi an. Och ongeséchert Kellerlucken- an Trapen, Gaardeweier, oppe Piscinnen a Waasserbasenge stellen eng Gefor duer, well de Kéisécker hei dacks net méi aus eegener Kraaft erauskënnt.

Wëll eis Stied an Dierfer leider ëmmer méi naturfriem an naturfeindlech ginn, kee Liewensraum a keng Nahrungsquellen iwwert d‘Joer méi bidden, et keng Verstoppméiglechkeete méi gëtt, verschwënnt de Kéisécker aus eisen Uertschaften a Stied. Déi riseg Industrie- an Akafszone mat hirem Rollrasen an betonéierte Parkplazen si Symboler vun enger ëmmer méi exklusiv «mënschendominéierter» Landschaft, wou mol net méi dëse sympatheschen an dach relativ usprochslose Matbewunner iwwerliewe kéint.