Quizowend am Oekosoph – mat Paella vum Lou! – Donneschden, de 16. Oktober 2025

Lade Karte ...

Datum/Zeit
Datum - 16/10/2025
18:00 - 21:30

Veranstaltungsort
Oekosoph Pafendall

Kategorien

No Categories

Donneschden, de 16. Oktober 2025 ab 18:00 am Oekosoph, Oekozenter Pafendall

 

Et ass erëm sou wäit… No vill ze laanger Paus, mellt de „Quiz-Comité“, also eis gutt bekannten Organisateure vum Quiz, sech zréck fir déi läscht Editioun beim Lou! Am Gepäck hunn si wéi gewinnt eng ganz Réi flott Froen zu den Theme Kärfusioun, Quantephysik, der Erliichtung, oder der éiweger Jugend … awer och sécherlech déi eng oder aner manner onméiglech Fro. Wëssen, Kreativitéit a Virwëtz gi wéi ëmmer mat flotter Atmosphär an awer och mat Kaddoe belount.

 

Um Menü steet fir 25,00 €:  Dem Lou seng bescht Paella!

 

Opgepasst:

Aschreiwung & Reservatioun Paella (vegan oder mat Fleesch) esou lang Plaze fräi sinn – déi eischt si fir – bis den 15. Oktober um 12.00 Auer iwwer meco@oeko.lu.

 

Ab 18.00 Auer kënnt der iech et am Oekosoph gemittlech maachen an äre Bäitrag beim Comité (3 Euro/pro Persoun) bezuelen. Dee Moment ginn all d’Participant’en och an Equipe vun ongeféier 5 Persounen agedeelt. Um 19.00 Auer gëtt mam Quiz ugefaang.

 

Duerfir: kommt laanscht, stëbst ee vun de ville flotte Kaddoen of, léiert nei Leit kënnen a verbréngt e flotten Owend.

 

 

 

 

26.09.2025