Esch-Uelzecht an Ëmgéigend: De Vëlo endlech eescht huelen! Vëlostour & Austausch fir méi Vëlo – Loscht dobäi ze sinn?

Lade Karte ...

Datum/Zeit
Datum - 11/06/2022
14:00 - 17:00

Veranstaltungsort
Kulturfabrik

Kategorien


D’Vëlosinfrastrukturen zu Esch, awer och d’Verbindungen zu de Gemenge ronderëm – Suessem, Bieles, Schëffleng a Monnerech – loossen a ville Beräicher ze wënschen iwwreg. Feelend an onkomplett Vëlosweeër, onsécher Plazen, Hindernisser, keng Vëlosstänneren…. si just e puer Punkten déi dringend a konsequent musse verbessert ginn. Et stellt sech deemno d’Fro: Wat muss geschéien datt Esch-Uelzecht an Ëmgéigend d’Potential vum Vëlo als zentraalt Element an der Transitioun hin zu liewenswäerte Stied an Dierfer erkennt?

 

D’Regional Süden, zesumme mam nationale Méco, hu wëlles an Zukunft méi Drock ze maachen, datt sech eppes fir de Vëlo zu Esch an Ëmgéigend deet!

 

Treffpunkt ass: Samschdes den 11. Juni 2022 um 14.00 Auer virun der Kulturfabrik
(116, rue de Luxembourg, L-4221 Esch-Alzette)

 

Programm:
Vëlostour: 14.00 -15.00 Auer
Austausch an der Kufa: 15.00 -16.30 Auer
Drinks am Ratelach: ab 16.30 Auer

 

Op engem gemittleche Vëlostour, wäerte mer eis e puer markant Plazen zu Esch a Connectiounen zu den Nopeschgemengen, wou d’Vëlosinfrastruktur ze wënschen iwwreg léisst, ukucken. An engem uschléissenden Austausch besteet dann d’Méiglechkeet fir sech iwwert néideg Ännerungen auszetauschen. Hei geet et dann och drëm zesummen ze iwwerleeë wat mir kënne maache fir datt de Vëlo zu Esch an Ëmgéigend endlech eescht geholl gëtt. Sief dat eng kreativ Aktioun oder eng Positioun a Fuerderungen, Méiglechkeete ginn et der vill. Zum Schluss, bei engem gemittleche Patt, bleift da genuch Zäit sech besser kennen ze léieren an Erfarungen auszetauschen.

 

Dir waart bis elo nach net aktiv am Méco, ma Dir fuert gäre Vëlo a fannt datt musse Verbesserunge gemaach ginn? Dat kommt laanscht! All Member dee Loscht huet sech fir de Vëlo zu Esch an Ëmgéigend anzesetzen an/oder einfach bei dësem Nomëtten dobäi ze si kann sech gäre beim Cédric Metz iwwer cedric.metz@oeko.lu mellen.

 

Méi Infoen fannt dir am Flyer hei: Flyer Esch final Velo