Umweltpolitik
  • Print Friendly


Wiel méi Klimaschutz!

Mat enger Plakataktioun an der Stad hu Jonker vu move. a vum Mouvement Ecologique drun erënnert wéi present d’Auswierkunge vum Klimawandel och an dësem Summer nees waren, a wéi wichteg et ass, datt mir bei de Walen e Sonndeg eis Stëmm fir méi Klimaschutz notzen.

 

 

 

Viru 5 Joer hu mir nach dovu geschwat, wat d’Auswierkunge vum Klimawandel an der Zukunft kéinte sinn. Haut sinn des Auswierkunge Realitéit: 2023 war de wäermste Summer, dee jee gemooss ginn ass. Mee net nëmmen dat: dee vum Mënsch verursaachte Klimawandel huet dozou gefouert, datt Wiederextremer wéi Dréchent, Iwwerschwemmungen oder Tornadoen ëmmer méi heefeg ginn a plazeweis enorme Schued uriichten. Dat weist wéi séier et ka goen – a wéi wichteg et ass, datt haut déi richteg politesch Decisioune geholl ginn.

 

Eng verantwortungsvoll Klimapolitik bedeit net nëmmen, datt mir präventiv Moossnamen huelen, fir eis virun dësen Auswierkunge vum Klimawandel ze schützen an eis Emissiounen esou séier wéi méiglech ze reduzéieren. Mir mussen och eis Verantwortung huele vis-à-vis vun de Länner am globale Süden, wou de Klimawandel sech scho vill méi staark bemierkbar mécht a gläichzäiteg vill manner finanziell Mëttelen zur Verfügung stinn, fir d‘Mënschen ze schützen.

 

Déi gutt Noriicht ass: e Sonndeg si Walen. Mir kënnen also mat decidéieren, wien an de nächste 5 Joer hei zu Lëtzebuerg an der Regierung ass an déi politesch Prioritéite fir eist Land bestëmmt. Klimaschutz ass een Thema, dat dir um Häerz läit? Dann orientéier déng Stëmm e Sonndeg dodrun, wéi eng Äntwerten déi ënnerschiddlech Parteien op d’Klimakris ginn! 

 

Als Hëllef fënns du hei en Iwwerbléck iwwer d’Aussoen aus de jeeweilege Walprogrammer, dorënner och ee Kapitel mat Bléck op d’Nohalteg Entwécklung an de Klimaschutz. Bei dëser Analys vum Mouvement Ecologique ass ënnersicht ginn, awéifern d’ Virschléi vum Mouvement Ecologique senger Publikatioun “Eng Roadmap fir d’Legislaturperiod 2023-2028” an de verschiddene Walprogrammer opgegraff gi sinn.

 

Du hues de Choix. Notz en, a wiel den 8. Oktober méi Klimaschutz!

 

 

 

 

 

05.10.2023