![](https://www.meco.lu/wp-content/uploads/2021/11/Beem-Berlin-2015-700x365-1-700x361.jpg)
Wéi eng Beem brauche mir an eise Stied an Dierfer, an Zäite vu Klima- a Biodiversitéitskris?
Sollte mir och op net enheemesch Aarten zeréckgräifen, well si eventuell besser un den Extremstanduert Stroosseraum ugepasst sinn?
Oder geet et duer de Beem méi Wurzelraum, Waasser a gudde Buedem zouzegestoen?
Detailléiert Äntwerten op dës Froen fannt Dir um Site vun NATUR ELO! ënnert dësem Link:
www.naturelo.meco.lu/documentcenter/welche-baeume-fuer-den-siedlungsraum
Den 8. Dezember um 17h00 invitéieren de Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall op een Online-Austausch mam Bam-Expert Klaus Körber. Hei kënnt Dir all Är Froe stellen an eege Problemer aus der Praxis diskutéieren. All weider Informatiounen zum Evenement a wéi Dir Iech umelle kënnt fannt Dir hei ënnert dësem >> LINK