Landesplanung – Urbanismus
  • Print Friendly


Mëllerdall/Petite Suisse Luxembourgeoise: Wéi eng Entwécklung fir eis Regioun?

De Mouvement Ecologique Regional Mëllerdall Iechternach invitéiert häerzlech op eng Table Ronde mat Vertrieder vun de politesche Parteien

Mëllerdall / Petite Suisse Luxembourgeoise: Wéi eng Zukunftsvis ioun fir eis Regioun?

e Freiden, de 15. Mee um 20.00 Auer an der Salle des Fêtes vun der Primärschoul (neit Gebai) zu Iechternach

Wéi eng Identitéit fir eis Regioun?
D’Regioun Mëllerdall / Petite Suisse Luxembourgeoise: Wat mécht eis Regioun aus? Wat ass eigentlech hir Identitéit? Wéi soll si muer ausgesinn? Wéi eng Gemenge solle wéi mateneen zesummeschaffen? Wat ass d’Roll vun engem Naturpark?

Naturpark, Tourismus an Naturschutz:
Wéi stelle mir eis den Tourismus vu muer fir? Wou sti mer haut, wou wëlle mer hinn? Wat kann de Stellewäert vun engem zukünftege Naturpark doranner sinn? Wei wëlle mer eis Natur, d’Kapital vum Tourismus erhalen a valoriséieren?

Wunne / schaffe / liewen:
Wéi eng Entwécklung vun der Awunnerzuel stelle mer eis vir? Wou a wéi bezuelbare Wunnraum schafen? Wéi eng Arbechtplaze solle wou entstoen, wou och Aktivitéitszone virun allem och fir kleng Betriber? Wéi wëlle mer eis Uertschaften entwéckelen? Wéi stelle mer eis Liewesqualitéit an der Regioun vir? A wéi stelle mer eis eng Mobilitéit vu muer vir?

Un der Table Ronde huelen deel:
– Carole Dieschbourg, Déi Gréng
– André Hartmann, DP
– Robert Mehlen, ADR
– Nicolas Schmit, lSAP
– Yves Wengler, CSV

Den Owend bitt Iech déi eemoleg Geleeënheet, fir d’Positioune vun de verschiddene Parteie mateneen ze vergläichen. e soll awer och all biergerIn d’Méiglechkeet bidden, de Vertrieder vun de politesche Parteien hir Iddien a Virstellunge mat op de Wee ze ginn.

No der Table Ronde invitéiert de Mouvement Ecologique op e “Patt”.

Les documents en lange française sont disponibles ici en bas, une traduction française de la table ronde est assurée.