Veggie Table: Rubbarbstaart mat Meringue iwwerbak (ovo-lacto-vegetaresch)

Dës Woch presentéiert Iech d’Lydie Philippy eng Rubbarbstaart mat Meringue iwwerbak.

 

Produktbeschreiwung:

An der Kiche gëtt Rubbarb haaptsächlech als Fruucht benotzt an ass populär a Kompotten, Kuch an Taarten. Rubbarb ass awer eigentlech e Stangegeméis. Et ass eng ganz populär Planz am Gaart, well se einfach ze planzen ass a wéineg Ënnerhalt brauch, awer brauch se vill Plaz. Wann een de Rubbarb pléckt sollen d’Staangen ëmmer erausgedréit ginn, amplaz se mat engem Messer ofzeschneiden. Déi seierlech Staange kann ee bis zum Gehaansdag, de 24. Juni plécken. Duerno produzéiert de Rubbarb ëmmer méi Oxalseier, déi a groussen Dosissen Niere schiedege kann.

 

Dëst a vill aner Rezepter fannt Dir op veggie-table.lu

 

 

28.05.26