Gesundheit – Ernährung
  • Print Friendly


Veggie-Table: Bluddorange – Fenchel mat Kaperen a Piniekäeren

D’Rezept vun der Woch ass: Bluddorange – Fenchel mat Kaperen a Piniekäeren.

 

De Fenchel huet eemolegen Anis-Geschmaach, deen duerch den äthereschen Ueleg, deen en enthält, zoustan kennt. E kënnt ursprénglech aus der Mëttelmierregioun. De frësche Fenchel erkennt een un enger fester, wäisser bis hellgrénger Knoll, deem säi Blatgréng frësch a ouni wieleg Blieder ass. Fenchel enthält eng Rëtsch un wichtegen Närstoffer. Hien gëllt net nëmmen als Narungsmëttel, mee och als Heelplanz. Bei Bebeeën a klenge Kanner an Erwuessener gëtt hien oft a Form vun Téi oder Drëpse bei Erkältungs-, Mo- an Daarmproblemer benotzt.

 

Dëst Rezept a vill anerer fannt dir hei: Veggie table.lu

 

 

 

 

15.03.24