• Print Friendly


Vegetareschen Vollwertkachcours

Am Kachcours gi gutt an attraktiv Rezepter no "ovo-lacto-vegetareschen" Kriterien zesummen zoubereet an d’Prinzipie vun der Vollwertkichen erkläert. Esou gesäit een, datt een och ouni Fleesch a Fësch gesond, gudd an ofwieslungsräich kachen a genéisse kann. Selbstverständlech gett mat Liewesmettelen aus biologeschem Ubau gekacht. Ofgehale gett de Kachcours vum Lydie Muller-Philippy, Autorin vun de Kachbicher "Natierlech genéissen" 1 an 2.

Programm:

Den 1. Owend gett Theorie erkläert, duerno Präparatioun plus schmaache vu Brotpasten. Déi aner Owender gin 2 Menüer also 2mol eng Entrée (Rohkost oder Zopp), 2mol en Haaptla an 2mol en Dessert zoubereet. D’Leit, déi um Kachcours deelhuelen, präparéieren a kache selwer, duerno gett zesumme geschmaacht.

Präis:

De Präis (6 Owender plus Dossier mat Rezepter) as 130 € fir Membere vum Mouvement écologique oder CTF an 150 € fir Net-Memberen.

Umeldung:

Per Tel. 43 90 30-1 oder per e-mail: meco@oeko.lu oder halseug@pt.lu

Mellt iech w.e.g. mat Zäiten un, well et gi maximal 20 Leit ugeholl, déi éischt si fir. Umeldung spéidestens bis den 11.2.2013.

Iwwerweisung vun der Participatioun op den Kont LU98 1111 0021 2285 0000 (Meco, Philippy L.) mat der Mentioun "vegetaresche Kachcours Leideleng"