• Print Friendly


Trëppeltour zu Eppelduerf

Download(s)

Datum: Sonndes, den 23. September 2012
Treffpunkt: um 15:00 bei der Kierch
Dauer: ongeféier 2,5 Stonnen, et geet bëssen op an of well Eppelduerf am Hang leit.
De Wee ass och fir Kannerkutsche gëeegent.
Guiden: Marc Schoellen, Historiker an Roger Schauls, Biolog.

Am Kader vun de Feierlechkeete vun „250 Joer Kierch Eppelduerf“ invitéieren mir Iech häerzlech op eenTrëppeltour op Eppelduerf. Et gi flott Ecken a Plazen zu Eppelduerf: Grouss Bauerenhäff mat Bannenhäff,Kapellen, d’Kierch, d’Härenhaus, awer och Privathaiser wou fréier Brennereie waren oder Quetschen zu Mous gekacht goufen an elo restauréiert sinn. Och strategesch war Eppelduerf interessant. Et huet ursprénglechzu der Abtei vun Iechternach gehéiert an leit ausserdeem un engem ale Réimerwee.
Den Historiker Marc Schoellen wäert eis vill Interessantes iwwer Gebaier aus verschiddenen Epochen zielen,d’Bausubstanz analyséiren, d’Architektur an een historesche Kader setzen. De Biolog Roger Schauls wäertwëssenwaert Erklärungen zu Flora a Fauna an der Géigend ginn. Sécherlech kommen am Laf vun der Visiteoch di eng oder aner Anekdot op d’Tapéit.
Eppelduerf huet och kulinaresch eppes ze bidden a fir eng kleng Kirmes-Agape ass zum Ofschloss gesuergt.