Kultur und Natur
  • Print Friendly


Trëppeltour duerch Rëmeleng „Gréngs an eise Stied – fir eng besser Liewensqualitéit“

Am Kader vum Dag an der Natur 2022 organiséiert d‘Ëmweltkommissioun vun der Stad Rëmeleng an Zesummenaarbecht mam Mouvement Ecologique en Tour zum Thema 

 

Trëppeltour duerch Rëmeleng „Gréngs an eise Stied – fir eng besser Liewensqualitéit“

Samschdes, de 4. Juni 2022 um 09.30 Auer Trëppeltour mam Roger Schauls (Biolog).

 

Depart : Moartplaz 2, Place Grande-Duchesse Charlotte L-3710 Rëmeleng

 

Op der Sich no „Natur an der Stad“, féiert d’Visitt duerch Rëmeleng, laanscht d’Kälbach, gréng Fassaden, Schottergäert a Blummebeeter. Firwat brauche mir Natur an der Stad? Wou an a wéi enge Forme kann een se fannen? Op dës froen Äntwert de Biolog an éierenamtlech aktive Member beim Mouvement Ecologique, Roger Schauls.

 

D’Visitt ass fir jiddereen accessibel a kann och mat der Kannerkutsch gefuer ginn.

 

Ab 11h30 ass eng Ofschlossfeier vum Dag um Huttbierg (Restauratioun + Navette Moartplatz-Huttbierg organiséiert vun der Stad Rëmeleng)

 

 

 

 

 

12.05.22