Naturschutz Land- und Forstwirtschaft
  • Print Friendly


Interessi u Naturschutz: Ënnerwee mat Naturschützer:inne bei 3 ureegende Visitten

Eng Weiderbildungsoffer fir Memberen, déi sech besonnesch wëllen informéieren an engagéieren.

Mat enger Auswiel un attraktiven, thematesche Visitte well de Mouvement Ecologique interesséiert Memberen d’Méiglechkeet bidden déi konkret Erausfuerderungen an déi praktesch Aarbecht am Beräich Naturschutz vu méi no kënnen ze léieren. Dat geschitt an deem mer mat engem/er Biolog:in, Landschaftsökolog:in, Beienexpert:in … eraus op den Terrain ginn, do méi gewuer ginn iwwert de konkreten Naturschutz um Terrain a seng Aarbecht kenne léieren. Oder an deem mir ob enger extra Visitt duerch Fachleit vun der Plaz ee méi verdéiften Abléck an en Thema kréien.

Folgend Visitte fanne bis zu de Summerméint ënnert dem Moto „Ënnerwee mat Naturschützer:innen“ statt. Weider Visitte wäerte méi spéit ugekënnegt ginn:

  • Konkret Moossname fir den Erhalt vum Heckefräsch, mam Frank Sowa, Biolog (Naturschutzsyndikat SICONA) – Méindes den 30. Mee um 19.00 Auer zu Bartreng
  • D’Vilfalt vum aarteräiche Gréngland entdecken, mam Claire Wolff, Landschaftsökologin (Naturschutzsyndikat SICONA) – Dënschdeg de 14. Juni um 18h00 20h00 zu Ollem
  • Hunnegbeien am Bësch – De Schwaarzspiecht als Zammermann vun de Beien, mam Roger Dammé (Imker) a Liliane Burton – Sonndeg den 3. Juli um 10.00 Auer zu Bierden

D’Unzuel u Léit wou kënnen deelhuelen ass begrenzt. Virkënntnisser sinn net néideg, ma d’Interessi um Naturschutz ass ee „Must“. Et ass erwënscht, datt ee – souwäit méiglech – u verschiddene Sortien deelhëlt.

D’Visitten hunn als Zil et jiddwer Interesséierten ze erméiglechen sech Wëssen unzëeegnen, dat ëm erlaabt am Naturschutz aktiv ze ginn a sech ggf. am Mouvement Ecologique ze engagéieren.

 

Konkret Moossname fir den Erhalt vum Heckefräsch – mam Frank Sowa, Biolog (Naturschutzsyndikat SICONA)

Den 30. Mee huet eis éischt Visitt am Kader vun der Visitte-Réi „Ënnerwee mat Naturschützer:inne“ stattfonnt. De Frank Sowa vum Naturschutzsyndikat SICONA an de Fernand Schoos, laangjäregen aktive Member beim Mouvement Ecologique, hunn de Participanten déi geziilt Restauréierung vu Fiichtgebitter fir bedrohten Aarten – um Beispill vum Heckefräsch – méi no bruecht.

Ee kuerze Bericht zur Visitt fannt Dir HEI.

 

 

 

 

                         

 

 

D’Vilfalt vum aarteräiche Gréngland entdecken – Ënnerwee mat der Landschaftökologin Claire Wolff (Naturschutzsyndikat SICONA)

Déi zweet Visitt, zesumme mam SICONA, ass zum Thema „aarteräicht Gréngland“.

An de Medien héiert een oft, datt Gréngland fir d’Biodiversitéit esou wichteg ass. Ma wat ass Gréngland iwwerhaapt? A firwat ass et esou wichteg fir d’Biodiversitéit? Heizou gitt Dir méi op dëser Visitt gewuer.

D’Claire Wolff ass Landschaftsökologin a këmmert sech beim Naturschutzsyndikat SICONA ënnert anerem ëm de Schutz an Erhalt souwéi ëm d’Renaturéierung vun aarteräichem Gréngland. Ënner Gréngland versteet ee Wisen, déi fir Hee geméint ginn a Weeden, op deenen Notzdéiere wéi Kéi a Schof grasen.

Bei dëser Visitt wäert Sie eis hier Aarbecht un Hand vu konkreten Naturschutzprojete méi no bréngen.

Mir wäerten eis eng Rëtsch vu verschiddene Wisentypen ukucke – vu méi Fiichtwise bis hin zu richteg dréchene Sandmagerrasen. Wéi eng Planzen- an Déierenaarte kommen hei fir? Wéi sinn dës Liewensraim entstanen a wéi ginn se genotzt? Wéi eng Instrumenter gëtt et aktuell fir hire Schutz? Firwat sinn dës Liewensraim an hiren Erhalt och fir de Mënsch immens wichteg?  A wéi kann een eng aarteräich Wiss nees hierstellen?  All dës Froe wäerte bei dëser Visitt behandelt ginn.

Wéini a wou?  Dënschdeg, den 14. Juni vun 18h00 bis 21h00 zu Ollem 

Umeldung: D’Unzuel vu Participanten ass begrenzt, déi éischt si fir. Mellt Iech dofir bis spéitstens de Méindeg 13. Juni per Telefon 43 90 30 1 oder per E-mail inscription@meco.lu un.

Präis: Een Onkäschtebäitrag vun 10 € pro Persoun ass no der Confirmatioun vun der Umeldung ze iwwerweisen (fir Bréidercher fir de kléngen Honger, bréngt Gedrénks wgl selwer mat).

Wëll mir zu Fouss um Terrain ënnerwee sinn, ass eng ugepasste Kleedung néideg.

Weider Informatioune kritt Dir mat der Confirmatioun vun Ärer Umeldung.

 

 

Hunnegbeien am Bësch – De Spiecht als Zammermann fir Beien an aner Aarte – Ënnerwee mam Beiemann Roger Dammé an der Naturbeobachterin Liliane Burton

(C) Liliane Burton

Et gëtt se nach: déi fräiliewend Beievëlker an onse Bëscher!

Ursprénglech sinn Hunnegbeien nämlech Bewunner vum Bësch. Verloosse Bamhielen an alen Eechen oder Bichen, gezammert vum Schwaarz- oder Bondspiecht, bidden de Beieschwäerm gutt klimatesch Bedingungen a Schutz.

Zesumme mam Beiemann Roger Dammé (Mouvement Ecologique) an der Naturbeobachterin Liliane Burton wäerte mir Spiechthielen opsichen, d’Wichtegkeet vu groussen, zusummenhängende Bëschgebidder – fir de Spiecht a seng Folge-Locatairë – diskutéieren, an hoffentlech och dat een oder anert Beievollek begéinen. A mir wäerten esou munches zum Liewen an den abléckleche Problemer vun den Hunnegbeie gewuer ginn.

Bréngt dofir am beschten eng Spektiv mat, well déi wëll Hunnegbeien hunn eng Präferenz fir Spiechthiele wäit Uewen am Bam (wann Dir kéng Spektiv hutt, da gi mir awer natierlech och eens).

Wéini a wou?  Sonndeg, den 3. Juli um 10.00 bis 11.30 Auer, Visite vun engem Veievollek bei Burden (Ettelbréck).    

Uschléissend (optionell) mam Auto weider op Dirbach wou mer zesummen eppes iessen.

Nom Iessen géint 13h30 bis ongeféier 15h00 Visite vu Spiechthielen bei Dierbech.

Umeldung: D’Unzuel vu Participanten ass begrenzt, déi éischt si fir. Mellt iech dofir bis spéitstens de Freideg 1. Juli bis 12.00 Auer per Telefon 43 90 30 1 oder per E-mail inscription@meco.lu un.

Sot w.e.g. Bescheed op der och mat iessen gitt an op der Nomëttes och dobäi sidd.

Präis: D’Visitt ass gratis, d’Iessen bezillt jidderee selwer.

Wëll mir zu Fouss um Terrain ënnerwee sinn, ass eng ugepasste Kleedung néideg

Weider Informatioune kritt Dir mat der Confirmatioun vun ärer Umeldung.

 

(C) Liliane Burton

 

 

 

 

 

 

 

 

11.05.22