
Stellungnahmen: Gesetzesprojekte zur Reform der Leasing-Dienstwagen und zur „Klimabank“ – Substantielle Nachbesserungen im Sinne eines konsequenten Klimaschutzes und sozialer Gerechtigkeit geboten!
An enger Pressekonferenz huet de Mouvement Ecologique haut zu zwee aktuell Gesetzesprojete Stellung geholl: der Reform vun de Leasing Déngschtween an der „Klimabank“.
Entgéint de begréissenswäerten Ukënnegungen vun der Regierung a puncto Klimaschutz an Zukunft konsequent handelen ze wëllen, huet se awer parallel dozou zwou Reformtexter virgeluecht, déi dësen bei wäitem net gerecht ginn: Dem Reglement mat deem d’Bestëmmungen betreffend de Leasing Déngschtween reforméiert solle ginn an de Gesetzesprojet « relative aux aides à des prêts climatiques », déi sougenannte Klimabank.
Dës Reformtexter weisen fir de Mouvement Ecologique substantiell Defiziter op wëll se eben am grousse Widdersproch zu de genannten Ziler stinn.
Hei fannt Dir déi eenzel Stellungnamen:an eng grondsätzlech Bewäertung vun der Regierungspolitik an dësen 2 Dossieren:
19.01.22