Umweltpolitik
  • Print Friendly


Replay & Bericht: Spannend Diskussiounsronn mat de Jugendparteie zu der Klima- an der Biodiversitéitskris!

 

move., déi Jonk am Mouvement Ecologique hunn den 31.03.22 an Zesummenaarbecht mat Youth for Climate Luxembourg eng Diskussiounsronn mat de Lëtzebuerger Jugendparteien organiséiert. Dëst zum Thema „Klima- a Biodiversitéitskris“.

D’Zil vun dësem Event, dat a flotter Ambiance am Carré Rotondes zu Hollerech stattfonnt huet, war et engersäits de Jugendparteien d’Méiglechkeet ze ginn hier Positiounen zu de verschiddenen Themen ze presentéieren, anerersäits awer och d’Positioune vu move. a Youth for Climate duerzeleeën an ee liewegen Debat ze feieren.

Fënnef Jugendparteien hunn sech un der Diskussiounsronn bedeelegt. Mat dobäi waren d’Lisa Kersch (Co-Präsidentin Jonk Sozialisten), de Fabricio Costa (Co-Spriecher déi jonk gréng), d’Martine Kemp (Vize-Präsidentin Chrëschtlech-Sozial Jugend), d’Tania Mousel (Co-Spriecherin déi jonk Lénk) an de Michel Agostini (Präsident Jonk Demokraten). Moderéiert gouf d’Event vum Blanche Weber der Präsidentin vum Mouvement Ecologique.

 

Theme vun de Froe waren:

Bildung/Schoul, Overshoot-Day

Wuesstem

Biodiversitéit/Landwirtschaft

Biodiversitéit/Urbaniséierung

Klima/Soziales

 

 

 

 

 

 

All Jugendpartei krut wärend der Diskussiounsronn eng Fro zougeloust, op déi dës Jugendpartei innerhalb vu 5 Minutten eng ausféierlech Äntwert konnt ginn. Duerno kruten déi aner 4 Jugendparteien d’Méiglechkeet op dës Positioun ze reagéieren an eng Diskussioun ze féieren. No all Themeblock hat de Publikum d’Méiglechkeet sech anzebréngen.

Déi 5 Froe vum Owend goufe jeeweils vu Jonke vu move. a YFC encadréiert. Déi Jonk hunn engersäits mat enger kuerzer Präsentatioun mat de wichtegsten Eckdaten zum Thema de Kader gesat, anerersäits hunn se awer och d’Positioune vu move. a YFC virgestallt.

 

Déi ganz Veranstaltung gouf professionell opgezeechent. Wann Dir Iech déi jeeweileg Positioune wëllt ulauschteren, Dir fannt se um move.meco.lu Youtube Channel ënner Klimakris? Biodiversitéitskris? Wat soen d’Jugendparteien? an ënner folgendem Link:

 

 

Et ass onméiglech, hei korrekt all Aspekter vun der Diskussioun, déi ganz lieweg an interessant war, erëmzeginn. Et war insgesamt eng immens spannend Diskussioun déi gewisen huet, datt d’Jugendparteien a ville Punkte staark eege Positiounen ausgeschafft hunn, déi net einfach just eng Kopie vun der jeeweileger Mammepartei hirer Positioun sinn. Heiansdo stoungen se esouguer fundamental an Oppositioun. Sou waren sech z.B. bei Thema Landwirtschaft all d’Jugendparteien eens, datt eng Reduktioun vum Véibestand néideg ass, fir datt Lëtzebuerg seng Klimaziler erreeche kann.

No der flotter Diskussioun war et Zäit fir ee Patt, esou wéi ee klénge Buffet mat vegane Spezialitéite vum Lou aus dem Oekosoph. Vill Leit hunn d’Geleeënheet genotzt fir weiderzediskutéieren. Déi vill gutt Gespréicher waren dann och ee schéinen Ausklang vun engem gelongenen Owend.

Virun allem war et awer och ee schéinen Ofschloss fir de Koordinator vu move. Étienne Degeest, deen elo no zwee an hallef Joer am Abrëll säin Abschid vu move. an dem Mouvement Ecologique hellt fir eng néi Erausfuerderung zu Berlin unzegoen.

 

 

22.04.22