Nachhaltige Entwicklung
  • Print Friendly


Sidd Dir interesséiert bei eiser neier Aktiounsgrupp “Zero Waste” matzemaachen?

Den Oekozenter Pafendall ass säit kuerzem Member vu Zero Waste Europe, eng europäesch NGO, déi sech fir manner Offall an eiser Gesellschaft asetzt . Zesumme mat Iech wëllen den Oekozenter Pafendall an de Mouvement Écologique nei Weeër fanne fir Einwegverpackungen, Plastik a generell den Offall ze reduzéieren. Stéchwierder: Plastikverschmotzung, Littering, Reuse, Mehrweg, …

Hutt Dir Loscht mat eis kreativ a flott Aktiounen z’entwéckelen ?

Wann Dir intresséiert sidd op eng éischt Versammlung am Oekozenter Pafendall ze kommen, schreift eis op emweltberodung@oeko.lu oder rufft um 43 90 30 22 un.

Jiddereen ass wëllkomm mat oder ouni Hannergrondwëssen. D’Aktiounen, déi mir maachen, wéi dacks mir eis treffen, entscheede mir zesummen.
Mir freeën eis op Iech!

 

 

 

 

 

19.05.23