• Print Friendly


E labberen Austausch mat Iech

Wëllt Dir „Äre“ Mouvement besser  kënne léieren? Är Iddie soen? Oder einfach „nolauschteren“?

Da luede mir Iech häerzlech an op en Austausch an engem labbere Kader wou mir zesummen iwwert Froe schwätze wéi:

  • Wéi fonctionéiert de Meco?
  • Wéi eng Gremie gëtt et ?
  • Wéi kann ee sech abréngen als Member wann ee Loscht huet?
  • Wéi gesitt Dir déi ablécklech Aarbecht vum
    Mouvement Ecologique ?

Esou en Austausch ass alt mat neie Memberen, se sinn ëmmer ganz laber an entspaant. Ma secherlech ass och deen een oder anere „mi laange“ Member interesséiert.

Mir sinn ëmmer zu enger 5-10 Leit, fir datt een e flotte klenge Grupp huet, wou een eben iwwert de Meco, Engagement, seng Virstellungen asw. schwätze kann …. an och aner Leit am Meco ongezwonge kënne léiert.

Falls Dir Interessi hutt, da sot eis Bescheed: meco@oeko.lu. oder Tel: 43 90 30-1. Mir sichen dann mat den interesséierte Leit en Datum an eng Auerzäit, déi passt.

 

 

 

19.05.23