Mobilität
  • Print Friendly


De Mouvement Ecologique rifft mat op zur Vëlomanifestatioun: Safe Cycling Now!

Muer, Samschden de 05. Juni organiséiert ProVelo.lu, eng Vëlosmanifestation an der Stad ënnert dem Motto: Safe Cycling Now!

De Mouvement Ecologique ënnerstëtzt dësen Opruff.

Treffpunkt ass um 15 Auer op dem Plateau du Saint Esprit (Cité judiciaire). D’Visioun „Safe Cycling NOW“ baséiert op dem Gedanken, datt jiddereen dee Loscht huet Vëlo ze fueren, dëst ënnert de beschtméiglechsten a sécherste Konditioune soll maache kënnen. E Samschde soll gewisse ginn, datt sech vill Leit quesch duerch d’Land fir besser Bedingungen fir de Velo asetzen, an och d’Politik handele muss.

 

Hei den offiziellen Informatiounstext zur Demo vun ProVelo.lu a.s.b.l.:

„Léif Vëlosfrënn an intresséiert Participanten
No laangem Hin an Hier lueden mir Iech elo offiziell fir eis Vëlosmanif an der Stad de Samschden 05. Juni an: Um 15:00h treffe mir eis op der „Place du Saint Esprit“ (Cité judiciaire) fir vun do aus eisen Tour ze starten.
Eis Visioun „Safe Cycling NOW“ baséiert op dem Gedanken, dass jiddereen dee Loscht huet Vëlo ze fueren, dëst ënnert de beschtméiglechsten a sécherste Konditioune soll maache kënnen.
Mir wëllen also mat eiser Manif engersäits Fuerderungen un déi politesch Responsabel stelle fir dëst ze erreechen, anerersäits visibel ginn an d’Gesellschaft fir dës Iddi sensibiliséieren.
Mir invitéiere dofir all Vëlosfuerer sech mat eis op dësem Samschdeg, zwee Deeg nom Weltdag vum Vëlo (03.06.) fir méi Plaz fir de Vëlo anzesetzen.


Wichteg: Jidderee fiert op seng eege Verantwortung mat.
Mir bieden Iech, sech u folgend Reegelen ze halen, fir en problemlosen Oflaf ze garantéieren :
• Respekt vum Code de la Route
• mir fueren net iwwert den Trottoir
• an halen eis un de Respekt een vis-à-vis vum aneren
• Respekt vun de sanitäre Mesurë -> Eng Mask undoen, wann d’zwee Meter Reegel net kann agehale ginn
Mei Infoe fannt dir op eise sozialen Kanaler.
Mir freeën eis drop, de 5. Juni mat iech all zesummen duerch d’Stad ze fueren.
Äert ProVelo.lu Team

Dear cycling friends and interested participants

Here is our preliminary program for our manifestation on June 5th: We’ll gather at 3 pm (15:00h) at the “Place du Saint Esprit” (Cité judiciaire) in order to start our Tour.
Our Vision “Safe Cycling NOW” is based on the thought that every person that wants to cycle should be able to do this under the best and most secure conditions possible.
With our Tour, we want to address demands to political decision makers in order for the changes to happen, as well sensitize the general public for our ideas and concerns.
For exactly this reason, we invite every cyclist to join us on Saturday, two days after the international bicycle day (03.06), in order to mobilize together for cycling in the public space.


Important: Everybody participates on their own responsibility.
We still ask you to adhere to the following rules, in order to guarantee a safe gathering:
• Respecting the “Code de la route”
• No driving over sidewalks
• Respecting each other and other traffic participants
• Respecting the sanitary measures in place -> wearing a mask if the 2 meter distance can’t be followed
More information can be found on our social medias.
We’re looking forward to biking through the city centre on June 5th with all of you.
Your ProVelo.lu Team“