• Print Friendly


Repair Café

Dir fannt et och net méi zäitgeméiss e Géigestand oder Apparat direkt ewech ze geheien, well eppes net geet? Dir fannt eng aner Demarche wichteg, wëllt Ressourcë spueren a vläicht och Leit kenne léieren? Dann luusst eran am nächste Repair Café!

 

Heibäi handelt et sech ëm Treffe bei deenen Interesséierter zesummen an hirer Fräizäit hier futtis Géigestänn, wéi z.B. elektresch Apparaten, Kleeder, Vëloen, Spillsaachen a villes méi kënne flécken. Fachleit, déi dat éierenamtlech maachen, hëllefen derbäi. Et ass och eng Plaz fir sech ze begéinen a  Wëssen auszetauschen. Dir hutt Loscht selwer eng Hand unzepaken a Reparateur:in ze ginn? Dann mellt Iech iwwert d’Websäit vum Repair Café: www.repaircafe.lu  Falls Dir änlech Alternative fir ze flécke kennt, dann deelt eis dat mat!

 

 

Hei geet et zréck op d’„fixit!“-Startsäit