• Print Friendly


Renaturéierung vun der Péitruss – wat genau ass geplangt? Virstellung vum Masterplang.

De Mouvement Ecologique luet seng Memberen häerzlech an op eng Visite vun der Stad Lëtzebuerg zum Thema:

Renaturéierung vun der Péitruss – wat genau ass geplangt? Virstellung vum Masterplang.

Den Samschden, den 1. Juli um 10.00 Auer, Rendezvous ass um Terrain Multisport an der Péitruss bei der rue d’Anvers.

D’Stad Lëtzebuerg plangt, d’Péitruss ze renaturéieren.
E spannende Projet aus villen Hisiichten: fir méi eng natierlech Waassergestaltung, fir d’Liewesqualitéit, fir d’Bild vun der Stad…

Falls Dir interesséiert sidd, wéi dat genau soll ausgesinn, wéi de Masterplang ausgesäit, wou de Projet drun ass, da kommt op dës interessant Visite. Mir ginn zu Fouss duerch d’Péitruss an et gesäit ee sur place, wat een ëmänneren kann.

 

D’Visite gëtt geleet vu Verantwortleche vum „Service canalisation“ vun der Stad Lëtzebuerg.