KOMMUNIKATIOUN/ PROJETSMANAGEMENT (W/M) 20-40 STONNEN, CDD
De Mouvement Ecologique asbl sicht fir direkt eng Persoun am Beräich Kommunikatioun/ Projetsmanagement (W/M) 20-40 Stonnen, CDD mat evt. Méiglechkeet vun Emgestaltung an CDI
PROFIL
- Kompetenzen am Beräich Kommunikatioun
- Interessi un ëmweltpoliteschen Themen, Loscht sech inhaltlech kreativ anzebréngen
- Talent fir Projeten ze koordinéieren
- Fäegkeet am Team ze schaffen, Gruppen ze animéieren an ze motivéieren
- Gutt organisatoresch a redaktionnell Fäegkeeten
- Kenntnisser vu Layout si vu Virdeel
- Sproochen: lëtzebuergesch, däitsch a franséisch
FORMATIOUN
- Min. Diplome Bac+3 mat Erfarung oder Bac+4/5
- Erfahrung a Kommunikatioun, Journalismus, o.ä. si wëllkomm
Bewerbung bis den 10. Juli 2017 un:
Mouvement Ecologique asbl, 6, rue Vauban L-2663 Luxembourg,
meco@oeko.lu