Réckbléck op d’Äerd – Quizowend am Oekosoph – mat Lasagne (vegetaresch oder Fleesch)

Donneschden, de 26. November 2026 ab 18:00 am Oekosoph, Oekozenter Pafendall

Et ass erëm sou wäit… No vill ze laanger Paus, mellt de „Quiz-Comité“, also eis gutt bekannten Organisateure vum Quiz, sech zréck fir déi éischt Editioun beim Grégory an Elis. De Lou « beräichert » den Organisatiounscomité.

Am Gepäck hunn si wéi gewinnt eng ganz Réi flott Froen zu den Theme Kärfusioun, Quantephysik, der Erliichtung, oder der éiweger Jugend … awer och sécherlech déi eng oder aner manner onméiglech Fro. Wëssen, Kreativitéit a Virwëtz gi wéi ëmmer mat flotter Atmosphär an awer och mat Kaddoe belount.

 

Um Menü steet fir 23,00 € gutt Lasagne – vegetaresch oder mat Fleesch!

 

Opgepasst:

Aschreiwung & Reservatioun (wgl. uginn wat Dir iesse wëllt!) esou laang Plaze fräi sinn – déi éischt si fir – bis den 20. November um 12.00 Auer iwwer meco@oeko.lu

Ab 18.00 Auer kënnt der Iech et am Oekosoph gemittlech maachen an äre Bäitrag beim Comité (3 Euro/pro Persoun) bezuelen. Dee Moment ginn all d’Participant’en och an Equipe vun ongeféier 5 Persounen agedeelt. Um 19.00 Auer gëtt mam Quiz ugefaang.

Duerfir: kommt laanscht, stëbst ee vun de ville flotte Kaddoen of, léiert nei Leit kënnen a verbréngt e flotten Owend

28.10.2026