Kéisecker-Info Oktober (2) 2026
Download(s)
Am neie Kéisecker-info fannt Dir eis Stellungnam zu den Tripartite-Diskussiounen an eis Fuerderunge fir eng sozial gerecht Energietransitioun. Donieft beriichte mir iwwer zwou Veranstaltungen zum Thema Energietransitioun doheem, de séieren Tram an de Süden an déi alarméierend gesondheetlech Folge vum Pestizidasaz. Ausserdeem erwaarden Iech Neiegkeete vu move., Invitatiounen op eng aktuell Konferenz, e Kabarett mam Roll Gelhausen an e Quiz vun enger anerer Zort. Liest de neie Kéisecker-Info HEI
28.10.2026





