• Print Friendly


„Quizowend am Oekosoph“: Fréijoerseditioun mat Geméislasagne! (+++AUSGEBUCHT+++)

Freides den 3. Mäerz 2023 invitéiere mir häerzlechst op déi nächst Editioun vun eisem Quizowend am Oekosoph. Och dës Kéier kënnt dir äert Wëssen zu den all/on-méiglechsten Themen ënner Beweis stellen. Fir d‘Fréijorseditioun, hu mer eis natierlech och kulinaresch erëm eppes afale gelooss. Et gëtt dem Lou aus dem Oekosoph seng allerbeschte Geméislasagne, mat Zalotebuffet an e klengen Dessert!

Gespillt gëtt erëm a Gruppen (gréisst vun de Gruppen hänkt vun den ageschriwwene Leit of). Gruppen kennen och spontan sur Place entstoen. Wann dir Iech wëllt op de Quiz an op déi gestalte Froe virbereeden, da mengt alt! Kommt laanscht a probéiert ee vun de ville flotte Cadeau’en ofzestëbsen. Aschreiwe kënnt dir Iech ab 18h30 sur Place am Oekosoph (3 Euro). Um 19h00 fänke mir mam Quiz un.

Duerfir, kommt laanscht op eise Quiz a léiert nei Leit kennen, stellt äert Wëssen ënner Beweis a verbréngt en flotten Owend.

Umeldung fir d‘Iessen (18 Euro) iwwer meco@oeko.lu. Falls Dir dem Lou seng lecker vegan Versioun vun der Geméislasagne wëllt, einfach bei der Umeldung uginn.