• Print Friendly


Quizowend am Oekosoph: „Fuesseditioun“

Freides den 9. Februar 2018 ab 18.00 Auer

Invitatioun Quiz OwendMir invitéiere häerzlechst op déi mëttlerweil 6. Editioun vun eisem Quizowend am Oekosoph. Och dës Kéier kënnt Dir Ären Intellekt zu den all/on-méiglechsten Themen ënnert Beweis stellen. Mais: et ass wuel deen eenzege Cafésquiz am Land, wou et net eleng op Wëssen ukënnt.

Fir d’Fuesseditioun, hu mir eis natierlech och kulinaresch erëm eppes afale gelooss. Et gëtt Chilli mat an ouni Fleesch an de Glühwäin dierf natierlech och net feelen. Wéinst dem Iesse géinge mir Iech onbedengt bieden Iech unzemellen: 439030-1, meco@oeko.lu.

Gespillt gëtt a Gruppen (d‘Gréisst vun de Gruppen hänkt vun den ageschriwwene Leit of). Entweder Dir kommt schonn an enger oder dir paakt d’Geleeëheet mam Schwanz a léiert nei Leit kennen.Wann Dir Iech wëllt op de Quiz an op déi gestallte Froe virbereeden, da mengt alt!

 

 

 

Aschreiwe kënnt Dir Iech ab 18.00 Auer sur place am Bistro (3 Euro). Um 19.00 Auer fänke mir mam Quiz un.
Duerfir: kommt laanscht, stëbst ee vun de ville flotte Cadeau’en of, léiert nei Leit kënnen a verbréngt e flotten Owend.