• Print Friendly


Nationalwalen 2018: Memberforen zu den Themen Demokratie, Nohalteg Entwécklung, Klima- an Energie, Wirtschaft, Ëmwelt- a Waasserwirtschaftspolitk, Gesondheet.

2018 stinn d’Nationalwalen an d’Haus… an natierlech erstellt de Mouvement Ecologique Propose fir dës Walen. Duerfir organiséiere mir och erëm thematesch Memberforen, op deene mir eis Proposen diskutéieren.
Et wir flott, wann eng Partie Memberen un dëse Foren géingen deelhuelen. Kommt laanscht: och wann Dir soss net esou aktiv sidd am Mouvement.
Bréngt Är Iddien an, oder notzt einfach d’Méiglechkeet vun engem Austausch an engem labere Kader, och wann Dir net esou am Thema dra wäert.
Vgl. mellt Iech onbedéngt un, fir datt mir Iech am Virfeld kënnen all Ënnerlagen zoustellen an och genuch Iesse virgesinn (resp. datt mir Iech kéinte Bescheed
soen, wann eppes dertëschent kéim). meco@oeko.lu, Tel. 439030-1.
D’Fore si jeeweils vun 18.30 – 21.30 am Oekozenter Pafendall, 6, rue Vauban, Stad!

Fir eppes Klenges ze iessen ass natierlech gesuergt. Folgend Terminer sti scho fest:

 

  • Fir méi en demokratescht a nohalteg Lëtzebuerg, Dënschden, 16. Januar 2018
    Virschléi am Beräich Demokratie a nohalteg Entwécklung: Wéi eng Initiativen kënnen ergraff ginn, fir d’Informatioun an d’Participatioun auszebauen? Wéi eng Verbesserungen um gesetzleche Niveau si néideg? Wéi eng Instrumenter ergräifen, datt de Gesellschaftsmodell Lëtzebuerg méi nohalteg / zukunftsfäheg gëtt? …
  • Energie a Klimaschutz: villes bléift ze maachen / Fir e neie Wirtschaftsmodell, Donneschdes, 25. Januar 2018
    Wéi eng nei Akzenter musse gesat ginn, datt Lëtzebuerg viru kënnt am Klimaschutz, am Ausbau vun den Erneierbaren, dem Energiespueren an der Energieeffizienz? Wat kann a soll d’Politik steieren? Wéi och kann eise Wirtschaftsstanduert méi nohalteg gestallt ginn? Wéi eng grondsätzlech Schrëtt wären an d’Wee ze leeden? Wéi eng Instrumenter ze ergräifen?
  • Fir eng besser Ëmwelt- a Wasserwirtschaftspolitik an e verstäerkte Gesondheetsschutz, Mettwochs, 7. Februar 2018
    Wat maachen fir eng besser Loftqualitéit, manner Offall, manner Ressourcëverbrauch? Wéi eng Akzenter wären am Waasserwirtschaftsberäich néideg? Wéi och de präventive Gesondheetsschutz virun dreiwen?