• Print Friendly


PROPOSEN VUM MOUVEMENT ECOLOGIQUE FIR d’GEMENGEWALEN

Am Laf vum Dezember ware fënnef Memberfore vum Mouvement Ecologique, an deenen iwwert d’Ureegunge vum Mouvement Ecologique fir d’Gemengewalen geschwat ginn ass. Bal 100 Leit hunn dorunner deelgeholl. E ganz grousse Merci u si.

Dir fannt d’Entwerf vun de Propose vum Mouvement Ecologique zu de verschiddene Beräicher op www.gemengewalen.lu online. D’Texter ginn no an no online gestallt.

 

Bis de 7. Januar kënnt Dir Är Remarken zu dësen Texter eraginn. Duerno gi se an de Layout an als Broschür all Member an Interesséierten zougestallt. Et wäert Ënn Januar och eng franséisch Versioun online gestallt ginn.

 

All weider Ureegung op meco@oeko.lu ass wëllkomm! Villmools Merci am Viraus (Kuckt vgl just keng Tippfeler, di ginn eréischt zum Schluss erausgeholl)

Déi eenzel Theme sinn:

 

Eng zukunftsfäeg Gemeng

Demokratie

Finanzen

Duerf- a Stadentwécklung

Natur a Landschaft

Bësch

Mobilitéit

Energie a Klima

Regional Wirtschaft

Ëmwelt- a Ressourceschutz

Waasser als Liewensquell

Gesondheetsfërderung

Schoul a maisons relais